
36 Joer laang war den Henri Frank Buergermeeschter vu senger Gemeng Manternach. No de Gemengewalen 2017, bei deenen de Politiker a senger Majorzgemeng nëmmen de Fënnefte gouf, huet den Henri Frank e Schlussstréch ënnert seng lokalpolitesch Karriär gezunn an dem Jempi Hoffmann d'Soen an der klenger Ostgemeng iwwerlooss.
Souwuel am Droit pénal, dem Droit commercial, grad wéi am Zivil- an Aarbechtsrecht huet de Jurist plädéiert, deen zanter 1970 als Affekot um Barreau ageschriwwe war an 1973 seng eegen Etude gegrënnt huet, déi haut bal eng Dosen Affekoten zielt.
Ënnert de véier Associéen ass mat der Staatsrot-Conseillère Lynn Frank och d'Meedche vum Henri Frank.
Als Futtballbegeeschterte war den Henri Frank Vizepresident vun der FLF, grad wéi President vum FC Berdenia Berbuerg. De Politiker war och Membre Fondateur vun der ASBL "Action Prison" an der Associatioun vun den Avocats-Pénalistes.
A senger Fräizäit huet sech den Henri Frank mat Literatur a Philosophie befaasst an hat sech nach 2019 als Auditeur-Libre op der Tréierer Uni ageschriwwen.