Nodeems hien am Amt confirméiert goufDen FLF-President Paul Philipp am Live-Interview um 12:40 Auer

Marc Hoscheid
E Samschdeg gouf de Paul Philipp um FLF-Kongress zu Wëntger fir weider véier Joer als President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun confirméiert.

De fréiere Futtballprofi, Nationalspiller an Nationaltrainer steet schonn zanter 2004 un der Spëtzt vun der gréissten Sportfederatioun vum Land.

Firwat denkt hie mat 76 Joer nach ëmmer net un d'Pensioun, wéi vill Réckhalt huet hie wierklech an den eegene Reien, wéi gesäit hien déi rezent Leeschtunge vun der Nationalekipp a wéi eng Reforme sinn um Niveau vum Championnat geplangt?

Dat froe mer de Paul Philipp haut an der Mëttesstonn an enger spezialer Editioun vun eisem "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous ass um 12:40 Auer, dat bei eis um Radio an op rtl.lu.

LIVESTREAM Radio

Back to Top
CIM LOGO