
Dat deelt d'Verwaltung vun de Ponts et Chaussées de Méindeg de Moie mat. Et géing drëm goen z'iwwerpréiwen, ob d'Equipementer richteg fonctionéieren an nei Mataarbechter mam Oflaf vun de Stree-Aarbechten ze familiariséieren. Dës Tester géingen an de fréie Moiesstonnen tëschent 3 a 6 Auer gemaach ginn, fir den Trafic net ze stéieren. Fir d'Ëmwelt ze schounen, géing e Minimum u Salz bei den Tester benotzt ginn. D'Testphas geet vum 27. Oktober bis den 9. November.