Wéivill Auto brauch een eigentlech fir vun A no B ze kommen? Eigentlech vill manner wéi di meescht vun eis am Alldag beweegen. Am Automag gi mir eis haut och ganz bescheiden, dat mam Linktour Alumi Elite, deen de Christian Schmit am Alldagstest hat. Ma wat ass dat da fir e Gefier?
Also bei eis an der Cité gouf net schlecht gestaunt wéi dee Bonsai-Auto em den Eck koum. De Linktour Alumi Elite L7e ass e chineeseschen Elektroauto fir 2 Leit. En ass knapps 2m70 laang, 1m50 breet an 1m60 héich.

E gouf dacks mat engem fréiere Smart-Modell verwiesselt. Mee de Linktour ass anescht. E modernen Design, a jiddereen huet dee butzegen City Flitzer iergendwéi cool fonnt.
Bei Linktour steet L fir liicht, well ganz aus Aluminium, agill, effikass, mat klengem CO2 Foussofdrock. IN steet fir Intelligence, K fir Kinetic an UR da fir Urban, dofir LINKTOUR.

Also dee klengen Zweesëtzer ass esou eppes wéi e Go-Kart op 4 Rieder. Et gëtt en an zwou Versiounen. Déi eng leeft maximal 45 km/h, mee mir haten awer déi mat der 13 kW/h-Batterie an do si bis zu 90 km/h dran. Dat huet dee Virdeel, dass een tatsächlech net hënnert am deegleche Stroosseverkéier, esouguer op d'Autobunn domat dierf.

Duerch de kuerze Radstand ass de Linktour schonn e bësschen onroueg, an a punkto Fiederung si keng Wonner ze erwaarden. Hei schwätze mir jo eigentlech vun enger „voiturette“. Dofir muss och op Airbag, ABS an ESP verzicht ginn.

Spigelen a Fënstere ginn elektresch, eng Klimaanlag gëtt et, Glas-Panoramadaach, Apple Carplay, Android Auto, Bluetooth. Jo esouguer eng Réckfuerkamera ass u Bord.

D'Sëtzer sinn, vue d'Gréisst vum Auto, ok, an ech hat mech getraut him och e Stéck Lëtzebuerg ausserhalb der Stad ze weisen, a war bis op d'Musel domat. Wien all Zentimeter vun der Mall ausnotzt kéint theoretesch och op e Weekend Ausflug goen.

Also bis 170km sinn dran, a fir ze lueden geet e ganz normale Stecker duer, wou soss Staubsauger oder Wäschmaschinn drun hänken. Bei bescheidenen 13 kW ass e séier nees voll.

Also et dierft schwéier gi fir de sympatheschen Linktour Alumi Elite L7e. An dat läit um Präis vu bal 15.000 Euro. Wann een elo kuckt wat e Renault Twingo, respektiv en Dacia Spring kaschten, da kommen Zweifel. Et kënnt jo nach dobäi, dass fir de Linktour keng Primm vu 6.000 Euro dran ass.
