E Sonndeg ass et nees sou wäit: d’Kannerkavalkad ass zréck zu Keel. Am traditionelle Cortège geet et eemol mat ville spektakuläre Kostümer, Konfetti an hoffentlech och ville Kamellen duerch d’Gemeng, dat vu 14.30 Auer un.
Fir déi well 32. Editioun vum Evenement zitt sech de Parcours vun der Rue Notre Dame bis an d’Rue Pierre Schilz. D’Arrivée vum Cortège ass fir 16 Auer geplangt.
Zum Ofschloss gëtt et dann och nees eng “After Kavalkad Party”, dat an der lokaler Schungfabrik.