D’Participanten a Visiteure vun der Schëfflenger Kavalkad hu sech trotz Reen d’Stëmmung net ganz huele gelooss. Fir de President vum Folklorama Schëffleng, Scott Kries, war et schéin ze gesinn, dass all d’Gruppen, déi ugemellt waren, och komm sinn. Déi faarweg Gruppen an originell Kostümer hätten op en Neits gewisen, dass d’Fuesent an d’Kavalkad fir d’Schëfflenger Veräinsliewe wichteg sinn.
Fir de Veräi Folklorama, deen d’Kavalkad organiséiert, war et eng besonnesch Editioun, well se 20 Joer feieren. An och de President Scott Kries ass elo zanter 20 Joer am Amt an huet an där Zäit d’Manifestatioun mat vill Engagement an Ausdauer gepräägt.
Nei dëst Joer war, dass no laange Joren zu Schëffleng nees eng Kapesëtzung organiséiert gouf. Dës Traditioun, déi eng Zäit laang verschwonne war, huet e Samschdeg den Owend vill Leit zesummebruecht.
Och wann dëst Joer manner Leit do waren, bleift d’Schëfflenger Kavalkad eng Traditioun, déi fir vill Leit aus dem Duerf net méi ewechzedenken ass. A fir 2027 gouf bessert Wieder bestallt.