De Kim de Dood hält opDe Restaurant "Le Lys" kritt een neie Chefkach

RTL Lëtzebuerg
De Kim de Dood, deen eréischt virun e puer Deeg als "Jonke Kach vum Joer" vu Gault& Milau ausgezeechent gouf, hält Enn Dezember am Stärerestaurant op.
© RTL

Et iwwerhëlt de Milan Brée, deen aktuell nach Chefkach am Stärerestaurant la Cristallerie ass. D'Villa Pétrusse huet dat um Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt.

© RTL

De Kim de Dood huet de gastronomesche Restaurant zanter senger Ouverture am Juni 2025 mat opgebaut. Nëmmen e puer Méint méi spéit krut de Le Lys säin éischte Michelin-Stär. Kuerz drop gouf de Chef mam Titel "Jeune Chef de l'année" vum Guide Gault&Millau ausgezeechent.

De Milan Brée iwwerhëlt am Januar

De Milan Brée gouf zu Nantes ausgebilt an huet a renomméierten Haiser geschafft, dorënner am Domaine Les Crayères zu Reims an an der Villa de Camille et Julien zu Lëtzebuerg. Duerno war hien dräi Joer als Sous-Chef aktiv, ier hien am Februar 2025 d'Kiche vum Restaurant La Cristallerie am Hotel Place d'Armes iwwerholl huet.

Vum Januar 2027 u wäert hie seng kulinaresch Aarbecht am Le Lys absolvéieren. De Restaurant La Cristallerie mécht iwwerdeems fir eng Zäit zou, fir d'Kichen ze optimiséieren. Laangfristeg soll do en neie Restaurant entstoen.

Back to Top
CIM LOGO