
Zu Paräis huet d'Verwaltungsgeriicht, d'Ausgangsspär fir Mannerjäreger, déi no de Randale virun knapp zwou Wochen fir Deeler vun der franséischer Haaptstad decidéiert gouf, gekippt. Wéi de Veräin Vigie Liberté e Mëttwoch op Linkedin matgedeelt huet, hunn d'Riichter d'Ausgangsspär als "schwéieren an offensichtlech rechtswiddregen Agrëff an d'Beweegungsfräiheet fir Mannerjäreger" agestuuft. Domadder hu se der dréngender Ufro vum Veräin Recht ginn.
D'Riichter hu festgestallt, datt d'Policepräfektur vu Paräis "keng konkret Indicen" dofir virleeë konnt, datt wärend deenen Zäitraim an Deeg, déi an der Veruerdnung festgehale sinn, besonnesch Gefore vu Mannerjäregen ënner 18 Joer géifen ausgoen.
D'Police vu Paräis hat d'Ausgangsspär fir Mannerjäreger zanter dem 19. Oktober a Kraaft gesat. Si war all Dag vun 23 Auer bis 6 Auer. E Méindeg nach war d'Ausgangsspär verlängert ginn. Zu deem Ament huet se awer just nach fir d'Place de la République gegollt. U sech war se nach bis en Donneschdeg de Moie virgesinn.
Duerch d'Decisioun vun der Police vu Paräis hu keng Mannerjäreger ouni hiren Tuteur "sech op ëffentleche Stroosse beweegen oder sech do ophalen" dierfen. Verbuede waren och net ugemellte Versammlunge virum Élysée, der Nationalversammlung an dem Senat esou wéi op de Garen oder de Champs-Élysée.
De 17. Oktober war et um Bord vu gréisstendeels friddlechen Demonstratioune am ganze Land zu schwéieren Ausschreidunge komm. Geschäfter an ëffentlech Gebaier waren zerstéiert ginn, vill Polizisten oder Membere vum Rettungsdéngscht goufe blesséiert. Déi franséisch Regierung huet Gewalttäter aus dem lénksextremistesche Milieu a Leit aus de Viruerter, déi vu Migrante gepräägt sinn, dofir verantwortlech gemaach.