Am Virfeld vun de MidtermsD'US-Zentralbank léisst de Leetzëns vum Dollar onverännert

AFP, iwwersat vun RTL
An der Begrënnung vun der FED heescht, dass een an der Lutte géint d'Inflatioun méi Donnéeë bräicht, éier een de Leetzëns kéint adaptéieren.
D'Federal Reserve zu Washington.
D'Federal Reserve zu Washington.
© AFP/Archiv/Mandel NGAN

Déi US-amerikanesch Zentralbank huet e Mëttwoch decidéiert, de Leetzëns vum Dollar onverännert bei tëscht 3,75 a 4 Prozent ze loossen. Bei engem entspriechende Vott hunn 10 vun den 12 Membere vun der Direktioun vun der Federal Reserve dofir gestëmmt, de Leetzëns vum Dollar am Virfeld vun den Tëschewalen zum US-Kongress, de sougenannte "Midterms" onverännert ze loossen.

An der Begrënnung vun der FED heescht, dass een an der Lutte géint d'Inflatioun méi Donnéeë bräicht, éier een de Leetzëns vum Dollar kéint adaptéieren. Am September hat d'amerikanesch Zentralbank de Leetzëns vum Dollar jo fir d'éischte Kéier zanter dräi Joer nees gehéicht.

D'Präisdeierecht ass an den USA ee vun de wichtegste Sujeten am Walkampf ëm d'Representantenhaus respektiv de Senat.

Back to Top
CIM LOGO