
Fir dee Rendez-vous war de Sall net grouss genuch. D'Bréifdréier stounge bis zur Dier eraus. Si hu geklot, well si bei der Reform vun der Fonction publique 2015 bemol anescht agestuuft goufen, wéi aner Beruffsgruppen, déi virdrun an der nämmlechter Carrière waren, wéi hiren Affekot Marc Kohnen erkläert:
"Also bis 2015 war fir d'Astellung souwuel vun dem Bréifdréier wéi och vun dem, vun dem ale Giischtjen, ware genau déi selwecht Prérequisen, dat heescht déi selwecht Schoulen, alles, alles komplett selwecht an et war ganz genau déi selwecht Évolution de carrière an et ass 2015, wéi d'Reform komm ass, wéi dat geännert huet an déi eng eeben an d'Agents pénitentiaires an den D1 gesat gi sinn an d'Bréifdréier an den D2."
Dat mécht dem President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem no um Enn vun der Carrière en Ënnerscheed vu ronn 70 Punkten. Beim aktuelle Punktwäert, eng Differenz vu ronn 1.600 Euro de Mount.
Iwwer déi, wéi d'Bréifdréier fannen, Diskriminéierung hu si och scho mam Minister vum ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes verhandelt. Virun zwee Joer hate si do en Accord fonnt, fir 12 Punkte bäizekréien. Dofir war nawell e bëssen Opreegung am Raum, wéi de Vertrieder vum Staat dem Geriicht sot, de Bréifdréier hire Recours wier net zoulässeg, well si fir d'Post an net fir de Staat géife schaffen. Beim Minister fir den ëffentlechen Déngscht, esou de Message, wiere si falsch verbonnen.
Ma de Raymond Juchem seet: "Mee ech sinn och selwer étonnéiert d'Ausso, dass de Minister net responsabel wär. All Decisiounen, déi op der Post geholl ginn - et ass net de Generaldirekter, dee Lounverhandlunge féiert. Mir hunn och net mam Postminister iwwert d'Accorden diskutéiert. Mir souze beim Minister vun der Fonction publique Marc Hansen fir ze negociéieren. Dat heescht, do hu mer eppes do decidéiert. An do ass d'Post net gefrot ginn. Mir si vereedegt Beamten alleguerten, déi hei viru Jore wou se op d'Post komm sinn, vereedegt gi sinn."
Och den Affekot Marc Kohnen war irritéiert. Wärend der Sëtzung hat hie gesot, datt de Minister de Bréifdréier déi 12 Punkten accordéiert hätt, dëst wier am Fong en Ageständnis, datt eng Diskriminéierung géing virleien.
De Vertrieder vum Staat huet sengersäits gesot, d'Kloe vun de Bréifdréier wieren abusiv. D'Bréifdréier wéilten domat Drock opbauen, fir hir politesch Fuerderungen duerchzesetzen. De Minister vum ëffentlechen Déngscht verlaangt dofir vun all Bréifdréier a vun hirem Affekot Marc Kohnen eng Entschiedegung. Fir deen ass dat eng Tentative, seng Clienten z'intimidéieren.
"Et ass relativ onüblech, datt an engem Kontext wéi deem heiten, wou e Fonctionnaire géint eng Dispositioun virgeet, déi hien als 'discriminatoire' ugesäit, dass do eng Indemnité de procédure pro Persoun vun 1.000 Euro esou gefrot gëtt. A vue, dass dat ganz, ganz rar ass, also ech ka mer nëmmen denken, dass dat e Message un d'Leit soll sinn: 'Hei haalt op domadder'."
Fir dem souwisou schonn iwwerlaaschte Geriicht Aarbecht ze spueren, ass ee sech awer eens ginn déi 27 Dossieren, déi en Dënschdeg opgeruff waren als Pilot-Projeten unzegesinn. D'Decisioun vum Geriicht an dësen Dossiere géing dann och fir all déi aner gëllen. Wann d'Bréifdréier oder de Minister vun der Fonction publique net zefridden domat ass a versicht ee vun deenen aneren Dossiere virun ze dreiwen, da musse se no hirem Accord vun en Dënschdeg 2.000 Euro Indemnité de procédure bezuelen.
