
Am Conseil permanent du Travail et l’Emploi (CPTE) huet den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) proposéiert, datt d'Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten am Kader vu Kollektivverträg muss verhandelt ginn.
D'Propos gesäit vir, datt een amplaz fënnef Deeg vun aacht Stonnen, véier Deeg vun 10 Stonne ka schaffen, de Weekend vun aktuell 44 Stonne kann op 35 Stonne reduzéiert ginn, et amplaz vun enger zwou Pause ginn an et am Temps partiel méi Flexibilitéit wéi bis elo gëtt, een also zum Beispill eng Woch däitlech méi ka schaffen, wéi eng aner.
D'Aarbechtsgesetz gëtt awer net op deene Punkte verännert, huet de Marc Spautz erkläert, sou datt déi Flexibiliséierung muss mat de Gewerkschafte verhandelt ginn.
Dat ass e gréissere Revirment par-rapport zur Situatioun vu virun zwee Joer. Ënnert dem Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) war et zum groussen Eclat tëscht Sozialpartner engersäits a Regierung a Gewerkschaften anerersäits komm. Dat ënnert anerem well de Georges Mischo d'Aarbechtszäitorganisatioun wollt aus de Kollektivverträg eraushuelen an domat d'Kollektivvertragswiese schwächen.
Ënnert hirem fréiere President Michel Reckinger hat de Patronatsverband UEL och gefuedert, datt d'Aarbechtszäitorganisatioun an de Betriber tëscht Patron a Personaldelegatioun kéint verhandelt ginn a sougenannten "Accords d’entreprise" - also ausserhalb vun de Kollektivverträg.
Den neie President vun der UEL, Marc Lauer, war e Mëttwoch am CPTE net dobäi. Déi nei Aarbechtsopdeelung an der UEL géing erklären, firwat d'Patronen duerch d'UEL-Direktesch Charlotte Junck vertruede war.
D'Sozialpartner gi mat deene Proposen zeréck an hir Gremien.