
En Dënschdeg huet d'China Media Group (CMG), déi gréisst staatlech Medienentreprise a China, matgedeelt, datt ee vun elo u keng Futtballmatcher vu Real Madrid oder Reklamme mam Kylian Mbappé diffuséiere wäert. Do virdrun hat de franséische Stiermer schonn zwee chineesesch Sponsere verluer an an der Konsequenz eng "oniwwerluecht" Äusserung zouginn.
Ausléiser war een am Internet verbreete Video, an deem den Mbappé seet, de witzegste Meme iwwert hie selwer, deen e jee gesinn hätt, wier een, bei deem säi Gesiicht per Photoshop op d'Gesiicht vun engem "chineeseschen Diktator" montéiert gouf. Den Energy-Drink-Produzent Dongpeng an d'Molkerei Mengniu haten doropshin d'Zesummenaarbecht mam franséischen Nationalspiller a Kapitän gekënnegt.
Vun Dongpeng hat et an engem Communiqué geheescht: "Eis Entreprise verfollegt eng Null-Toleranz-Politik géigeniwwer all Verhalen, dat national Gefiller beleidegt". De Spiller ass ënner anerem mat sengem Gesiicht op den Etiketten vun den Dongpeng-Gedrénksfläschen ofgebillt. Och Mengniu ass spéider nogezunn an hat erkläert: "Mat effet immédiat stoppt eis Entreprise all Zesummenaarbecht mam Kylian Mbappé". De Konzern géing "all Wierder oder Aktiounen, déi d'Gefiller vum chineesesche Vollek verletzen", strikt ofleenen.
Vum Real-Stiermer koum spéider eng Entschëllegung: "Meng Äusserung war oniwwerluecht a mir ass elo kloer, datt se vill Mënschen a China an a chineesesche Communautéiten uechter déi ganz Welt verletzt huet. Ech entschëllege mech bei alleguerten deene Leit, déi sech duerch meng Wierder gekränkt gefillt hunn", esou de 27 Joer ale Fransous an engem Statement.
D'CMG hat hirersäits an engem Schreiwes matgedeelt, datt een en Dënschdeg e Bréif vum spuenesche Ligapresident Javier Tebas kritt huet, an deem dësen dem Mbappé säi Verhale verurteelt a sech entschëllegt huet. D'Decisioun, keng Matcher vu Real Madrid méi ze diffuséieren, géing een den Ament awer nach net zeréckhuelen. "Als éischt muss eng formell Entschëllegung kommen, soss gëtt näischt beschwat", esou déi chineesesch Medienentreprise.
Och de chineeseschen Ausseministère hat sech ageschalt: "Mir hunn déi entspriechend Berichter zur Kenntnis geholl", esou e Spriecher. "Wierder an Doten, déi d'Gefiller vum chineesesche Vollek verletzen, stoussen natierlech an allen Deeler vun der chineesescher Gesellschaft op Ofleenung."
A China gëlle Witzer iwwert den 1976 verstuerwene Staatsgrënner Mao Zedong als besonnesch sensibele Sujet. Entspriechend grouss war d'Reaktioun an de soziale Reseauen ausgefall. D'Enn vun der Partnerschaft tëschent dem Mbappé an Dongpeng hat sech op der Plattform Weibo zu engem vun den am meeschten diskutéierte Sujeten entwéckelt.