Bei den Hären heescht de Lëtzebuerger Champion 2026 Jonas Kinde. De Leefer vum Celtic Dikrech huet e Sonndeg fir déi 42,195 Kilometer beim Frankfurt Marathon zwou Stonnen an 20 Minutte gebraucht. Sëlwer a Bronze hu sech de Sammy Schuh (2:36:05) an den Eric Gonderinger (2:40:14) geséchert.
Bei den Dammen huet sech d'Laura Grober de Championstitel geséchert. Si ass eng Zäit vun dräi Stonnen, 7 Minutten an 49 Sekonne gelaf. De Sprong op de Podium hunn nach d'Anne-Claire Decker (3:22:58) an d'Lis Thillmann (3:24:08) gepackt.
D'Tatiana Proca ass iwwerdeems Championne de la fédération ginn. Si war an 2:50:16 u sech déi séiersten Damm, déi fir d'Lëtzebuerger Championnat gemellt war, ma d'Leeferin vum CSL huet d'Lëtzebuerger Nationalitéit net a konnt domadder net Championne ginn.