
Den Olympia-Gewënner Lucas Pinheiro Braathen huet e Sonndeg zu Sölden de Riseslalom fir den Optakt vun der Weltcup-Saison bei den Häre gewonnen.
De Brasilianer, deen an Norwegen gebuer ass, ass mat enger Schlusszäit vun 1:44,72 Minutt zu senger néngter Weltcup-Victoire gefuer. Dobäi louch hien 0,48 Sekonne virum Schwäizer Olympia-Gewënner am Slalom, dem Loic Meillard. Hannendrun huet de Marco Odermatt de Podium mat engem Retard vun nëmmen enger Honnertstelsekonn komplettéiert.
De Pinheiro Braathen hat op der Rettenbach-Streck, déi duerch de staarke Wand verkierzt gouf, de séiersten éischten Duerchgang fäerdeg bruecht an och beim zweete Laf huet hien d'Nerve behalen a säin Ecart verdeedegt.
Déi nächst Course vun der Weltcup-Serie ass de 14. a 15. November am finnesche Levi, wou d'Hären an d'Dammen am Slalom gefuerdert wäerte sinn.