Paralympic Day am RehazenterDe Leit de Para-Sport méi no bréngen

Bern Thill
RTL Lëtzebuerg
All Joer organiséiert de paralympesche Verband dësen Dag, fir Inklusioun am Alldag ze fërderen.
Paralympic Day 2026 am Rehazenter
De Public hat d'Méiglechkeet, paralympesch Sportaarten ze testen an dës aus der Siicht vun de Sportler ze gesinn.

Paralympesch Sportaarten de valide Leit méi no bréngen, dat ass all Joer d'Zil vum Paralympic Day am Rehazenter.

Dëst Joer war den neie President vu Lëtzebuerger Paralympesche Verband, de Serge Schaul, an engem Show Race géint d'Katrin Kohl, Participante bei de Paralympesche Spiller 2024 zu Paräis, ugetrueden. Ënner anerem an d'Sportaarten Tennis, Rollstullhandball, Dëschtennis oder Judo krut de Public en Abléck.

Mat dësem Dag soll d'Visibilitéit vum Para-Sport verbessert ginn an an enger konvivialer Ambiance d'Inklusioun gefërdert ginn. Ideal wier et, wann d'Versteesdemech an d'Interaktiounen tëschent validen a physesch behënnerte Matmënsche sech net op een Dag limitéiere géif.

Back to Top
CIM LOGO