
Trotz dem russeschen Agressiounskrich an der Ukrain wäert Russland 2030 d'Weltmeeschterschaften am Gewiichthiewen ausriichten. De Weltverband IWF huet e Sonndeg matgedeelt, datt d'Competitiounen zu Moskau ofgehale wäerte ginn. Den IWF ass den éischten olympesche Fachverband, dee Russland zanter 2022 nees e weltwäit sportlecht Event ausdroe léisst.
Zanter dem Ufank vum Krich géint d'Ukrain am Februar 2022 gouf et a Russland keng Weltmeeschterschaften an enger olympescher Sportaart méi. Der russescher Stad Kasan war d'Organisatioun vun der Schwamm-WM nodréiglech entzunn an op Singapur verluecht. Kasan war 2019 als Organisateur bestëmmt ginn.
An engem Bäitrag op Telegram huet de President vum russesche Gewiichthiewerverband Alexander Winokurow der IWF "fir dat entgéintbruecht Vertrauen" Merci gesot. Russland géif "iwwer déi noutwenneg Erfarung an d'Kapazitéiten" verfügen, "fir Competitiounen um héchsten Niveau auszeriichten", sot hien. "Moskau huet schonn e puer Mol bedeitend internationale Sporteventer ausgeriicht a verfüügt iwwer eng modern Infrastruktur."
D'Weltmeeschterschaften 2030 déngen donieft als Qualifikatiounsturnéier fir d'Olympescher Spiller 2032. D'Decisioun vum IWF fält an eng Zäit, an där dat Internationaalt Olympescht Kommitee (IOC) e Wee opgewisen huet, wéi russesch Athleeten nees un internationale Competitiounen deelhuele kënnen.
Wéinst dem staatlech gelenkten Doping-Programm, deen der Welt-Anti-Doping-Agence (WADA) no bei den Olympesche Wanterspiller 2014 zu Sotschi zum Asaz koum, sou wéi den Agressiounskrich géint d'Ukrain, deen 2022 ugefaange gouf, hu russesch Sportler bei internationale Competitiounen nëmme méi dierfen ënner verschiddenen Extra-Reegelungen untrieden. Fir d'lescht ware si vereenzelt als "individuell neutral Athleeten" dobäi.
De 7. Juli ass dann awer d'Isolatioun vu Russland op en Enn gaangen, wéi den IOC d'Beschränkunge fir russesch Athleete méi labber gemaach huet an hinnen de Wee fräi gemaach huet, fir un de Qualifikatiounscompetitioune fir d'Olympescher Spiller 2028 deelzehuelen. D'Ukrain hat dorops entsat reagéiert an huet beim Internationale Sportsgeriichtshaff (CAS) Asproch ageluecht, fir d'Decisioun vum IOC ophiewen ze loossen.
Den IWF huet donieft matgedeelt, datt d'WM 2029 am indeschen Ahmedabad ausgedroe wäert ginn.