
Um éischte Kompetitiounsdag vun der WM am Gewiichthiewen am chineeseschen Ningbo ass d'Mara Strzykala an der Gewiichtsklass bis 49kg ugetrueden. D'Lëtzebuerger Gewiichtshiewerin vum SC Hamm stoung um Enn am Räissen op der 11. Plaz an am Stousse sou wéi am Zweekampf op der 12. Plaz vun am Ganzen 18 Athleetinnen.
Am Räisse war der Mara Strzykala mat engem Gewiicht vun 68kg an am Stousse mat engem Gewiicht vu 86kg den éischten Duerchgang gegléckt. No zwee mëssgléckte Versich am Räisse mat 71kg ass der COSL-Athleetin awer den drëtte Versuch gelongen, wouduerch si sech e klengen Ecart vun dräi Kilogramm op hir direkt Konkurrentinnen opbaue konnt. Mat enger Zweekampfleeschtung vun 161kg huet si donieft hiert bis elo zweetbescht internationaalt Resultat gemaach.
De Weltmeeschtertitel ass wéi och schonn am leschte Joer un d'Favoritin Song Gum Ri aus Nordkorea gaangen. Hannendru krut d'Jinhong Zhao aus China Sëlwer an d'Yi-Chen Huang aus Taipei Bronz.