
Den Optrëtt vum Audi-Chef Gernot Döllner un der Säit vum US-President Donald Trump schléit weider héich Wellen: Vertrieder vun den Aarbechter, dem Mammenhaus VW wéi och däitsch Politiker kritiséieren e Méindeg den Audi-Chef staark. D'Christiane Benner, Cheffin vun IG Metall, huet den Optrëtt als "politesch inakzeptabel" bezeechent. De Gernot Döllner hätt "eklatant" d'Reegel vun der eegener Entreprise verletzt, déi ausdrécklech politesch Neutralitéit am Virfeld vu Walen ordonéiert. D'Entreprise dogéint weist parteipolitesch Positionéierungen awer vu sech.
E Samschdeg war den Döllner bei engem Walkampfevenement vun de Republikaner am US-Bundesstaat Georgia un der Säit vum US-President Donald Trump opgetrueden. D'VW-Duechter wëll an Georgia hiert éischt Wierk an den USA bauen an dofir 4,2 Milliarden US-Dollar investéieren. Audi no kënnen hei 4.500 Aarbechtsplaze geschaaft ginn.
D'Aart a Weis, wéi den Döllner sech an Audi an den USA presentéiert huet, wier "penibel" an den "Audianerinnen an Audianer net wierdeg", esou d'Cheffin vun IG Metall weider. Och vum Mammenhaus VW koum Kritik.
D'Cheffin vum Comité d'entreprise Daniela Cavallo huet kritiséiert, datt den Audi-Chef sech "vun enger héchst zweiwelhafter politescher Figur, déi géint quasi all d'Wäerter vun eiser Entreprise verstéisst, zu enger Marionett an deem senger Propagandashow maache gelooss huet". Och si huet e "klore Verstouss" géint déi intern Richtlinne vun der Entreprise festgestallt.
D'Carvallo zitéiert aus dem "Booklet of Policies" vun Audi, an deem et heescht. "Eis Mataarbechter passen ausserdeem op d'Neutralitéit am Ëmgang mat Parteien an Interessensgruppen op a fleegen de Kontakt zu demokratesche Parteien. Fir dëse Grondsaz ze respektéieren, ginn an den dräi leschte Méint viru Wale keng ëffentlech wierksam Rendez-vouse mat Parteien oder Politiker a kee Sponsoring vun deementspriechend Evenementer méi duerchgefouert".
Eng Spriecherin vun der Entreprise huet erkläert, "parteipolitesch Neutralitéit" wier "fir Audi e wichtege Grondsaz. [...] D'Decisioun, beim Evenement am Bundesstaat Georgia dobäi ze sinn, gouf no laangen Iwwerleeungen a schlussendlech am Interesse vun der Entreprise getraff", esou d'Spriecherin weider. "Am Mëttelpunkt stoung d'Méiglechkeet, déi Viraussetzunge fir eng laangfristeg Investitioun vun Audi an den USA virunzebréngen". D'Richtlinnen aus dem "Booklet of Policies" géif d'Entreprise domat net a Fro stellen.
D'IG-Metall-Cheffin Benner huet betount, datt d'Decisioun fir e méiglechen Neibau vun enger Fabrik an den USA ënnert dem Virbehalt vun engem Zoustëmmung vum Gremium géif stoen. De finale Vott géif "mat ganzheetlechem Bléck vum Opsiichtsrot vun der Volkswagen AG getraff".
Den SPD-Generalsekretär Tim Klüssendorf huet vun engem "Skandal" geschwat. Op Instagram huet hien erkläert, datt den Audi-Chef Döllner "d'Zollpolitik vum Donald Trump och nach mat Hëllef am Walkampf an engem neie Wierk géif belounen", wärend VW am selwechten Ament an Däitschland géif Plazen ofbauen. "Amplaz fir e staarken Standuert am däitschen Automobilsecteur ze kämpfen, leeft hie léiwer dem US-President hannendrun. Dat muss am VW-Konzern Konsequenzen hunn".
Vun der CDU heescht et, datt den Trump mat senger Politik "massiv der däitscher Automobilindustrie" géif schueden. "Wann d'Ethik- a d'Compliance-Reegele fir de Virstand vum Opsiichtsrot vu VW méi duerstelle sollt wéi eng Mëschung aus Management-Kalennerblat-Spréch a Mauertattooen, da misst si sech elo kloer positionéieren", esou den Dennis Radtke géintiwwer dem "Handelsblatt".
Géintiwwer der Bild sot den Frank Schwope, Autosexpert vun der Fachhochschule des Mittelstands zu Berlin, datt de Bau vun engem Audi-Wierk an den USA "tendenziell Aarbechtsplazen an Däitschland" géif op d'Spill setzen. VW hätt schonn eng Iwwerkapazitéit. De Schope fäert eng Verlagerung vu Modeller an Aarbechtsplazen, "esou datt däitsch Wierker iwwerflësseg ginn". Besonnesch gesäit de Schwope d'Wierk zu Neckarsulm mat ronn 15.000 Mataarbechter a Gefor.
Audi dogéint huet erkläert, e staarkt US-Geschäft wier "keng Decisioun géint Däitschland, mä e wichtege Bäitrag zu der globaler Kompetitivitéit vun Audi an zu der laangfristeger Ofsécherung vum Succès vun der Entreprise". Datt de Kader vun der Annonce vum Fabrickshal awer als "politescht Signal wouergeholl gouf", hëlt d'Entreprise "ganz eescht".
Fir den Olaf Lies vun der SPD, Ministerpresident an Niedersachsen, ass et zwar "strategesch richteg, datt Audi den US-Maart besser erschléisse wëll, esoulaang Aarbecht a Wäertschätzung hei geséchert an net verdrängt gëtt". E Walkampfevemenent awer kéint "net déi richteg Plaz sinn, fir esou eng Investitioun ze annoncéieren", esou de Lies weider. "Hei gëtt e Verantwortleche vun enger Entreprise zum Deel vun enger politescher Inzenéierung".