
An der armeenescher Stad Jerewan gesi sech zanter enger Woch scho ronn 200 Länner op der Welt-Naturkonferenz, fir ze kucken, wéi et beim Schutz vu Mierer an Natur soll virugoen. Et ass déi 17. Kéier, dass déi UNO-Reunioun beieneen ass, déi den Ist-Zoustand vun eiser biologescher Diversitéit soll beurteelen.
Viru véier Joer hat d’Staategemeinschaft sech op en Natur-Vertrag gëeenegt, an deem 23 Ziler festgehale goufen, déi ee bis 2030 wëll erreechen. Beispillsweis dass 30 Prozent vun alle Land- a Mieresflächen ënner Schutz gestallt ginn, oder d’Industrielänner sech finanziell engagéieren, deene méi Aarmen ze hëllefen. Bis ewell geet et awer vill ze lues an deene Bestriewunge virun.
Dat eenzegt Land nieft dem Vatikan, wat d’Konventioun net mat ënnerschriwwen huet, sinn d’USA.