VenezuelaOppositiounspolitikerin Machado no bal engem Joer Exil nees an der Heemecht

AFP, iwwersat vun RTL
No bal engem Joer am Exil ass déi venezuelanesch Oppositiounspolitikerin a Friddensnobelpräisgewënnerin Marina Corina Machado iwwerraschend zeréck an hir Heemecht komm.
Nach knapp einem Jahr im Exil ist die führende venezolanische Oppositionspolitikerin María Corina Machado überraschend in ihr Heimatland zurückgekehrt. Am Sonntag traf Machado unter dem Jubel ihrer Anhänger in Caracas ein, wie AFP-Journalisten sahen.
© AFP

Ënnert dem Jubel vun hire Supporter ass d'Machado e Sonndeg an der Haaptstad Caracas ukomm. Virdrunner hat si op X geschriwwen: "Ech sinn hei. Bei iech". De Retour vum Machado dierft eng Erausfuerderung fir déi vun den USA ënnerstëtzt Iwwergangsregierung ënnert dem Delcy Rodriguez sinn.

Der Machado hiren Alliéierten, de fréiere Presidentschaftskandidat Edmundo González Urrutia, huet hire Retour confirméiert. Méi Informatiounen zu de geneeën Ëmstänn ginn et keng.

"Haut ass en immens wichtegen Dag fir d'Venezuelaner", esou den Urrutia. Et géing hien zudéifst beweegen, datt "eis Leaderin" nees am Land wier. Vun der Machado hirer Presseekipp heescht et, si hätt schonn un engem Evenement am Bundesstaat Lara ronn 400 Kilometer vun der Haaptstad fort, deelgeholl.

Spéider war si dunn zu Caracas ukomm. Hire Retour hat bei de Leit grousse Jubel ausgeléist, déi zu Dausenden eraus op d'Strooss gaange sinn a gefeiert hunn.

Réischt en Donneschdeg haten dausende Leit a Venezuela de Retour vun der Maria Machado gefuerdert. An der Haaptstad Caracas hate sech ronn 2.000 Demonstrante versammelt, déi op Plakater och d'Ofhale vu Wale gefuerdert hunn. Och am westleche Bundesstaat Táchira gouf demonstréiert.

D'Machado hat Venezuela am Dezember zejoert heemlech verlooss, nodeems si zanter den ëmstriddene Presidentiellen 2024 ënnergedaucht war. Si war dunn an Norwegen gereest, fir un der Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis deelzehuelen. Bei enger geféierlecher Bootsfaart hat si sech Aussoe vun hirer Spriecherin no e Wierbel gebrach. Fir d'Präisiwwerreechung den 10. Dezember 2025 zu Oslo war si schlussendlech ze spéit, sou datt hir Duechter de Präis fir si entgéint geholl hat.

Am Januar 2026 huet d'Machado dunn d'Nobelpräis-Medail zu Washington dem US-President Donald Trump iwwerreecht, deen d'Auszeechnung ëmmer nees fir sech reklaméiert hat. Den Trump hat sech duerno awer weiderhin net dofir staark gemaach, datt d'Machado a Venezuela eng Féierungsroll iwwerhëlt.

Fir d'lescht huet d'Maria Machado a Panama gelieft. Si gouf hirer Partei no op d'mannst siwemol un engem Retour an hir Heemecht gehënnert. D'Oppositiounspolitikerin setzt sech zanter Jore fir e politesche Muechtwiessel a Venezuela an.

Bei de Presidentiellen am Juli 2024 haten déi venezuelanesch Autoritéiten hir eng Kandidatur ënnersot. Den deemoleger President Nicolás Maduro hat sech doropshin zum Walgewënner erkläert, wärend d'Oppositioun d'Victoire fir dem Machado säin Alliéierten Urrutia beusprocht. No der Wal sinn d'Autoritéite massiv géint Regierungsgéigner virgaangen. Am Kader vun enger Repressiounswell waren 28 Leit ëm d'Liewe komm, sëllegen Oppositioneller sinn an d'Ausland geflücht.

Ronn ee Mount no der Machado hirer Flucht aus Venezuela gouf de Maduro uganks Januar dëst Joer vun US-Zaldoten zu Caracas entféiert an an d'USA bruecht, wou him a senger Fra den Ament de Prozess gemaach gëtt. Déi venezuelanesch Regierung gëtt zanterhier vum Maduro senger fréierer Adjointe Delcy Rodriguez geleet.

Enn August hu Vertrieder vun dëser Regierung wéi och vun der Oppositioun Gespréicher iwwert déi politesch Zukunft vum Land ugefaangen. Béid Säiten hunn dobäi hire Wëlle bekräftegt, Walen ofzehalen. D'Machado war un de Gespréicher net bedeelegt. Vill Observateure ginn dovunner aus, datt d'US-Regierung bei de bis ewell gescheiterte Versich vun hir, zeréck a Venezuela ze kommen, eng Roll spillt. Dat well den US-President Trump sech ëmmer nees positiv iwwert déi bis ewell geleescht Aarbecht vun der Delcy Rodriguez geäussert huet.

Back to Top
CIM LOGO