SchwedenRegierungsbildung op en Neits gescheitert

AFP, iwwersat vun RTL
Ronn annerhallwe Mount no de schweedesche Parlamentswalen ass e weidere Versuch, fir eng Regierung ze bilden, gescheitert.
Rund anderthalb Monate nach der Parlamentswahl in Schweden ist ein neuer Versuch zur Regierungsbildung gescheitert. Die Vorsitzende der Zentrumspartei Elisabeth Thand Ringqvist sagte, es sei ihr nicht gelungen, eine regierung zusammezustellen.
Der Cheffin vun der Zentrumspartei Elisabeth Thand Ringqvist ass et net gelongen, eng Regierung op d'Been ze stellen.
© AFP

D'Cheffin vun der Zentrumspartei, Elisabeth Thand Ringqvist, sot e Méindeg, et wier hir net gelongen, eng Regierung zesummenzestellen. "Meng allgemeng Schlussfolgerung heescht, datt et den Ament zwar eng Majoritéit fir eng Politik vun der Mëtt gëtt, awer keng Majoritéit fir eng Regierung vun der Mëtt", esou d'Ringqvist bei enger Pressekonferenz.

De Parlamentspresident Andreas Norlén huet doropshin annoncéiert, hie géif mat der Partecheicheffin schwätzen an uschléissend iwwert déi nächst Schrëtt informéieren. Eng Zäitfënster huet en dobäi net genannt.

D'Zentrumspartei hat als Deel vun engem oppositionelle Mëtt-Lénks-Block d'Parlamentswal den 13. September knapp gewonnen. Allerdéngs konnte sech déi véier Parteien - Gréng, Lénk, Zentrumspartei a Sozialdemokraten - bis ewell net iwwert eng majoritéitsfäeg Regierung eens ginn. Eng Zesummenaarbecht mat de rietspopulistesche Schwedendemokrate gouf vun der Zentrumspartei ausgeschloss, genee wéi mat der Lénkspartei.

De schweedesche Parlamentspresident huet insgesamt véier Versich, fir e Kandidat oder eng Kandidatin fir d'Amt vum Regierungschef bei engem Vott am Parlament virzeschloen. Scheitert de véierte Versuch, mussen Neiwalen ugesat ginn. Mëtt Oktober hat d'Parlament der Sozialdemokratin Magdalena Andersson bei engem éischte Vott d'Amt vun der Premierministesch verweigert.

Schweden ass laangwiereg Verhandlunge fir eng Regierungsbildung gewinnt: No der Wal 2022 hat et 37 Deeg gedauert bis eng Regierung zustane komm ass, 2018 waren et souguer 134 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO