FuttballBallon d'Or 2026 geet un den Harry Kane an d'Alexia Putellas

Kevin Kayser
Wärend der Zeremonie vum Ballon d'Or goufe Futtballerinnen a Futtballer an de verschiddenste Beräicher geéiert.
Direkt zwou Auszeechnungen, dorënner den Haaptpräis, konnt den engleschen Nationalspiller vum FC Bayern dësen Owend iwwerreecht kréien.
Direkt zwou Auszeechnungen, dorënner den Haaptpräis, konnt den engleschen Nationalspiller vum FC Bayern dësen Owend iwwerreecht kréien.
© FRANCK FIFE/AFP

Bei der 70. Editioun vum Ballon d'Or goufe Sportler, Trainer an Ekippen an 10 verschiddene Kategorien ausgezeechent, fënnef bei den Hären a fënnef bei den Dammen. Dobäi kommen nach dräi Zousazkategorien.

De Ballon d'Or gouf zu London am Palladium verginn an d'Zeremonie gouf vum fréiere Welt- an Europameeschter esou wéi Champions-League-Gewënner Thierry Henry an der brittescher Sportmoderatrice Kate Scott geleet. Si hunn op dësem Owend eng Dominanz vum FC Barcelona am Dammeberäich materlieft, esou wéi e PSG, dee bescht Ekipp vum Joer gouf. Déi wichtegst Präisser vum Owend koumen dann natierlech ganz zum Schluss: D'Alexia Putellas an den Harry Kane hunn de Ballon d'Or 2026 iwwerreecht kritt.

Et sollt awer och bei esou enger grousser Zeremonie net alles riicht lafen. Esou goufe virum Ufank vum Evenement zu London scho verschidde Portraite vun Nominéierten ongewollt publizéiert. Dës waren am Viraus fir all déi Nominéiert gemaach ginn, am Fall, datt si gewanne sollten, heescht et vun den Organisateure vum Ballon d'Or. Dës Aktioun soll op kee Fall en Indice iwwer d'Podiumsplaze sinn, déi zu deem Ament nach kengem bekannt waren.

D'Gewënner vum Owend

Déi éischt Auszeechnung vum Owend war keng grouss Iwwerraschung. Beschte jonke Spiller gouf nämlech de Lamine Yamal. De spuenesche Weltmeeschter a Spiller vum FC Barcelona huet domadder dësen Titel fir déi drëtte Kéier um Stéck gewonnen. Bei den Damme goung den Titel vun der beschter jonker Spillerin un d'Vicky Lopez, déi e schonn déi lescht Saison gewanne konnt. Och si spillt fir Spuenien an den FC Barcelona.

No de jonke Spiller goung et eriwwer bei d'Trainer. Den Titel fir de beschten Trainer vun enger Dammenekipp goung nees un den FC Barcelona, dat a Persoun vum Pere Romeu. Beim Härentrainer den éischte Präis vum Owend, deen net mam FC Barcelona a Verbindung bruecht gëtt, woubäi mer awer bei Spuenien bleiwen. De Luis de la Fuente, dee mat der spuenescher Nationalekipp de Weltmeeschtertitel gewanne konnt, gouf fir dëse Succès ausgezeechent.

Dono war et un de Männer a Fraen, déi tëscht de Pottoe stinn. An och hei huet sech de roude Fuedem vum Owend bis ewell weider duerchgezunn. D'Spuenierin Cata Coll vum FC Barcelona krut no hirem Trainer an hirer jonker Matspillerin op dësem Owend e Präis, deen drëtten also fir d'Dammenekipp vum FC Barcelona. Bei den Häre goung d'Auszeechnung un de frëschgebakene Weltmeeschter Unai Simon, deen e groussen Undeel un dësem Titel fir säi Land hat. Hie selwer spillt fir Athletic Bilbao an der La Liga.

De Bukayo Saka gouf fir säi soziaalt Engagement wärend der Zeremonie vum Ballon d'or ausgezeechent.
De Bukayo Saka gouf fir säi soziaalt Engagement wärend der Zeremonie vum Ballon d'or ausgezeechent.
© FRANCK FIFE/AFP

Déi éischt Auszeechnung, déi net un de Spuenier goung, war de Spezialpräis "Trophée Socrates". Dës ass un de Bukayo Saka vum FC Arsenal gaangen. Domadder gëtt säin soziaalt Engagement nieft dem Terrain gewierdegt. De Saka engagéiert sech fir benodeelegt a krank Kanner.

Nom Spezialpräis goung et du weider mam Programm. Nodeem se beschte jonk Spillerin, beschte Golkipperin a beschten Dammentrainer gewonnen hunn, war et bal z'erwaarden, datt de Präis fir déi beschten Dammenekipp och un den FC Barcelona goung, déi natierlech déi lescht Saison quasi alles gewonnen hunn, wat ee gewanne konnt: Déi dräi grouss Titelen an der spuenescher Liga esou wéi d'Champions League. Bei de Männer geet dëse Präis dann un déi Ekipp, déi den Champions-League-Titel verdeedege konnt. De PSG oder ganz ausgeschwat Paris Saint-Germain dierf sech beschten Ekipp vum Joer nennen.

Dono goufen de beschte Stiermer an déi bescht Stiermerin mat der Gerd-Müller-Auszeechnung geéiert: déi goung un den Harry Kane (73 Goler) vum FC Bayern München an un d'Charlyn Corral (49 Goler), déi fir den CF Pachuca Femenil a Mexiko spillt.

De beschte männleche Butteur spillt an der Bundesliga, bei de Frae goung de Präis eng Mexikanerin, déi an der heemescher Liga spillt.
Den engleschen Nationalspiller Harry Kane gouf als beschte Butteur bei de Männer ausgezeechent, bei den Damme goung de Präis un déi mexikanesch Nationalspillerin Charlyn Corral.
© FRANCK FIFE/AFP

Mat e bësse Retard goung et dunn a Richtung Highlight vun dësem Owend, op deen all d'Spiller, d'Fans a Responsabel gewaart hunn: Wie kritt de Ballon d'Or 2026?

Bei den Damme goung d'Haaptauszeechnung vum Owend un d'Alexia Putellas vu London City. Si gewënnt de Ballon d'Or no 2021 an 2022 eng drëtte Kéier a stellt domadder de Rekord vun der Aitana Bonmati an, déi déi lescht dräi Joer dëse Präis krut. Kuerz drop du war et un den Hären an do gouf een Numm opgeruff, dee schonn eng Kéier op dësem Owend op der Bün stoung. Den englesche Golscorer vum FC Bayern München Harry Kane huet sech den Ballon d'Or 2026 konnte sécheren. Hien ass nom Michael Owen 2001 den éischten Englänner an nom Karl-Heinz Rummenigge 1981 den éischte Spiller vu Bayern, deen dësen Titel nees konnt gewannen.

Déi fréier Spillerin vum FC Barcelona an elo London City Lionesses gewënnt hiren drëtte Ballon d'Or.
Déi fréier Spillerin vum FC Barcelona an elo London City Lionesses gewënnt hiren drëtte Ballon d'Or.
© FRANCK FIFE/AFP

De kompletten Iwwerbléck vun all de Placéierunge fannt Dir op Ballondor.com.

All d'Nominatiounen

Ballon d'Or Hären

  • Jude Bellingham (England, Real Madrid)
  • Pau Cubarsi (Spuenien, FC Barcelona)
  • Marc Cucurella (Spuenien, Chelsea / Rea Madrid)
  • Ousmane Dembélé (Frankräich, Paris Saint-Germain)
  • Luis Diaz (Kolumbien, Bayern München)
  • Bruno Fernandes (Portugal, Manchester United)
  • Gabriel (Brasilien, Arsenal)
  • Erling Haaland (Norwegen, Manchester City)
  • Achraf Hakimi (Marokko, Paris Saint-Germain)
  • Harry Kane (England, Bayern München)
  • Khvicha Kvaratskhelia (Georgien, Paris Saint-Germain)
  • Lamine Yamal (Spuenien, FC Barcelona)
  • Sadio Mané (Senegal, Al-Nassr)
  • Marquinhos (Brasilien, Paris Saint-Germain)
  • Lautaro Martinez (Argentinien, Inter Milan)
  • Kylian Mbappé (Frankräich, Real Madrid)
  • Nuno Mendes (Portugal, Paris Saint-Germain)
  • Lionel Messi (Argentinien, Inter Miami)
  • Joao Neves (Portugal, Paris Saint-Germain)
  • Michael Olise (Frankräich, Bayern München)
  • Willian Pacho (Ecuador, Paris Saint-Germain)
  • Julian Quinones (Mexiko xique, Al-Qadsiah)
  • Declan Rice (England, Arsenal)
  • Rodri (Spuenien, Manchester City / FC Barcelona)
  • Fabian Ruiz (Spuenien, Paris Saint-Germain)
  • William Saliba (Frankräich, Arsenal)
  • Ferran Torres (Spuenien, FC Barcelona / Paris Saint-Germain)
  • Dayot Upamecano (Frankräich, Bayern München)
  • Vinicius Junior (Brasilien, Real Madrid)
  • Vitinha (Portugal, Paris Saint-Germain)

Ballon d'Or Dammen

  • Selma Bacha (Frankräich, OL Lyonnes)
  • Barbra Banda (Zambia, Orlando)
  • Esmee Brugts (Holland, FC Barcelona),
  • Klara Bühl (Däitschland, Bayern München)
  • Mariona Caldentey (Spuenien, Arsenal)
  • Scarlett Camberos (Mexiko, Club América)
  • Kerstin Casparij (Holland, Manchester City)
  • Temwa Chawinga (Malawi, Kansas City)
  • Cata Coll (Espagne, FC Barcelona)
  • Melchie Dumornay (Haiti, OL Lyonnes)
  • Caroline Graham Hansen (Norwegen, FC Barcelona)
  • Alex Greenwood (England, Manchester City)
  • Patri Guijarro (Spuenien, FC Barcelona)
  • Pernille Harder (Dänemark, Bayern München)
  • Yui Hasegawa (Japan, Manchester City)
  • Rose Lavelle (USA, Gotham FC)
  • Mapi Leon (Spuenien, FC Barcelona / London City)
  • Lorena (Brasilien, Kansas City)
  • Melvine Malard (Frankräich, Manchester United / Chelsea)
  • Manaka Matsukubo (Japan, North Carolina / Chelsea)
  • Vivianne Miedema (Holland, Manchester City)
  • Ewa Pajor (Polen, FC Barcelona)
  • Claudia Pina (Spuenien, FC Barcelona)
  • Alexia Putellas (Spuenien, FC Barcelona / London City)
  • Wendie Renard (Frankräich, OL Lyonnes)
  • Alessia Russo (England, Arsenal)
  • Momoko Tanikawa (Japan, Bayern München)
  • Khadija Shaw (Jamaika, Manchester City)
  • Caroline Weir (Schottland, OL Lyonnes)
  • Tessa Wullaert (Belschgique, Inter Mailand/ Côme)

Jonk Talenter (Männer)

  • Kerim Alajbegovic (Bosnien, Juventus)
  • Ayyoub Bouaddi (Marokko, Manchester City)
  • Pau Cubarsi (Spuenien, FC Barcelona)
  • Yan Diomandé (Côte d’Ivoire, Real Madrid)
  • Lennart Karl (Däitschland, Bayern München)
  • Eli Junior Kroupi (Frankräich, Bournemouth)
  • Lamine Yamal (Spuenien, FC Barcelona)
  • Johan Manzambi (Schwäiz, Aston Villa)
  • Ibrahim Maza (Algerien, Bayer Leverkusen)
  • Warren-Zaïre Emery (Frankräich, PSG)

Jonk Talenter (Fraen)

  • Veerle Buurman (Holland, Chelsea)
  • Vicky Lopez (Spuenien, FC Barcelona)
  • Felicia Schroeder (Schweden, Real Madrid)
  • Clara Serrajordi (Spuenien, FC Barcelona)
  • Lily Isabella Yohannes (USA, OL Lyonnes)

Golkipper vum Joer

  • Yassine Bounou (Marokko, Al-Hilal)
  • Thibaut Courtois (Belsch, Real Madrid)
  • Joan Garcia (Spuenien, FC Barcelona)
  • Gregor Kobel (Schwäiz, Dortmund)
  • Emiliano Martinez (Argentinien gentine, Aston Villa)
  • Edouard Mendy (Senegal, Al-Ahli)
  • David Raya (Spuenien, Arsenal)
  • Matvey Safonov (Russland, Paris Saint-Germain)
  • Unai Simon (Spuenien, Athletic Bilbao)
  • Vozinha (Cap-Vert, Colo-Colo)

Golkipperin vum Joer

  • Ann-Katrin Berger (Däitschland, Gothan FC)
  • Cata Coll (Spuenien, FC Barcelona)
  • Hannah Hampton (England, Chelsea)
  • Lorena (Brasilien, Kansas City)
  • Ayaka Yamashita (Japan, Manchester City)

Härentrainer vum Joer

  • Mikel Arteta (Arsenal)
  • Luis de la Fuente (Spuenien)
  • Unai Emery (Aston Villa)
  • Luis Enrique (Paris Saint-Germain)
  • Vincent Kompany (Bayern München)

Dammentrainer vum Joer

  • Jonatan Giráldez (OL Lyonnes)
  • Andrée Jeglertz (Manchester City)
  • Nils Nielsen (Japan)
  • Pere Romeu (FC Barcelona)
  • Elena Sadiku (Celtic dono BK Häcken)

Härenekipp vum Joer

  • Arsenal
  • Bayern Munich
  • Bodo/Glimt
  • Flamengo
  • Paris Saint-Germain

Dammenekipp vum Joer

  • FC Barcelona
  • Bayern München
  • Club América
  • Manchester City
  • OL Lyonnes
Ballon-d'Or-Gewënner vun 1956 - 2025

Back to Top
CIM LOGO