"Beim Goldknapp"Groussherzoglech Koppel op Visitt zu Ierpeldeng

Kyra Feiereisen
De Besuch huet e wichtegt Thema an de Fokus geréckelt: d'Fro, wéi ee mat Mënschen ëmgeet, déi duerch eng Demenzerkrankung ëmmer méi op Hëllef ugewisen sinn, a wéi wichteg dobäi eng perséinlech an individuell Betreiung ass.

Fir de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie stoung e Méindeg eng Renconter mat de Bewunner an dem Personal vum Fleegeheem "Beim Goldknapp" um Programm. Zesumme mam Familjeminister Max Hahn hu si d'Ariichtung besicht, déi vun der Association Luxembourg Alzheimer (ala) geleet gëtt a sech op d'Begleedung vu Mënsche mat Demenz an aneren neurokognitiven Erkrankunge spezialiséiert huet.

Amplaz vun enger reng offizieller Visitt stoung virun allem den direkten Austausch am Mëttelpunkt. Déi groussherzoglech Koppel huet sech Zäit geholl, fir mat de Bewunner ze schwätzen an de Mataarbechter nozelauschteren. Dobäi gouf däitlech, wéi vill Opmierksamkeet an individuell Betreiung néideg sinn, fir de Betraffenen en Alldag ze erméiglechen, deen hire Besoinen entsprécht.

E besonneschen Abléck krute si an der sougenannter "Oasis de soins". Hei gi Mënsche betreit, bei deenen déi neurokognitiv Erkrankung scho wäit fortgeschratt ass. Dëse Beräich ass esou ageriicht, datt d'Ëmfeld an d'Fleeg op hir speziell Situatioun ofgestëmmt sinn.

D'Visitt huet och gewisen, datt d'Demenzbetreiung wäit iwwer déi klassesch Fleeg erausgeet. Nieft der medezinescher Versuergung spillen déi mënschlech Bezéiungen, d'Gefill vu Sécherheet an de Respekt virun der Individualitéit vun all Bewunner eng entscheedend Roll.

Fir d'groussherzoglech Koppel war et net déi éischt Renconter mat der eelerer Generatioun. Schonn zanter 2021 gehéieren esou Visitten zu hiren Engagementer. Zu Ierpeldeng kruten dobäi net nëmmen d'Bewunner eng besonnesch Opmierksamkeet, mee och déi Leit, déi sech all Dag ëm si këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO