
Virun 4 Joer ageweit a fir maximal 400 Prisonéier an Untersuchungshaft virgesinn, mee lo ewell ze kleng: de Prisong um Site vum Uerschterhaff zu Suessem platzt aus allen Néit - an d'Situatioun ass sou akut, datt souguer musse Leit an den Zellen op Matrassen um Buedem schlofen. Dat confirméiert d'Justizministesch Elisabeth Margue (CSV) an Äntwerten op 3 verschidde parlamentaresch Froen.
Kuerzfristeg gëtt duerch d'Schafe vu weidere Duebel- an Dräimannzellen d'Capacitéit am Suessemer Prisong op 437 Persounen eropgesat.
E Pic vu Prisonéier gouf virun engem Mount areecht, wéi 432 Fraen a Männer hu missten ënnerbruecht ginn - dat wéi gesot bei enger Limitt vun u sech 400 Untersuchungsprisonéier.
De Flux vun de Leit, déi an Untersuchungshaft kommen respektiv nees entlooss ginn, ass dann och enorm, mat eleng schonn dëst Joer 925 Entréeën a knapp 600 Sortien.
Wann dës Tendenz bis zum Enn vum Joer weider geet, kéint de Suessemer Prisong op iwwer 1.200 Entréeë vu Prisonéier kommen, wat e Véierel méi wier wéi zejoert.
An der Moyenne bleift e Prisonéier knapp 4 Méint laang um Uerschterhaff.
Iwwert d'Hallschent vun der Prisongspopulatioun koum wéinst Klauen hanner Gitter, e Fënneftel wéinst Drogebesëtz oder -handel.
Eng 360 Leit schaffen zu Suessem, dorënner 250 Giischtercher - eng 40 Plaze sinn aktuell ausgeschriwwen.
D'Elisabeth Margue verstoppt dann och net, datt d'Iwwerpopulatioun um Uerschterhaff d'Personal viru gréisser Erausfuerderungen stellt, trotz allem wier d'Sécherheet vu Personal a Prisonéier komplett assuréiert.
Aktuell lafen d'Diskussiounen wéi de Prisong zu Schraasseg ka vergréissert ginn - dëst wäert dann och en Impakt op de Site vu Suessem hunn. Weider preziséiert d'Justizministesch, datt och d'Aféiere vun der Comparution accélérée wäert d'Geriichtsprozedure méi séier maachen.
D'parlamentaresch Froen haten d'Deputéiert Dan Biancalana (LSAP), Dan Hardy (ADR) an Marc Goergen (Piraten) virun engem Mount un d'CSV-Ministesch adresséiert.