
Géint 20:40 Auer gouf ee Mann iwwerfall, wou hien aus engem Café an der Rue Joseph Junk koum. Zwee Onbekannter haten hir ugeschwat a soten him, hie sollt hinnen nogoen. Wou d'Affer sech geweigert huet, goufen déi zwee beemol aggressiv. Ee vun hinnen huet probéiert, d'Affer op de Buedem ze kréien. De Mann huet sech gewiert, ma engem vun den zwee Verdächtegen ass et nawell gelongen, him den Handy aus der Täsch ze klauen. Déi zwee Déif sinn du geflücht.
Kuerz no Mëtternuecht an der Nuecht op en Dënschdeg gouf der Police dunn nach ee Virfall a genee där nämmlechter Strooss gemellt. Ee Mann war do mat engem Bekannten ënnerwee, wou véier onbekannt Persounen dobäikoumen an d'Affer un den Äerm festgehalen hunn. Ee vun den Täter huet den Ament genotzt an dem Affer zwou Täsche geklaut. Si sinn dunn a Richtung Gare fortgelaf. Eng vun den Täschen ass awer zeréck bei d'Affer komm. Si gouf net wäit vum Tatort fonnt. A béide Fäll huet d'Police Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Op der Gare gouf et e Méindeg dann och nach ee Fall, an deem aus engem Buttek an der Avenue de la Gare geklaut gouf. Géint 16:10 Auer goufen d'Beamte geruff, well eng Fra probéiert soll hunn, zwou Parfumsfläschen ze klauen. Ee Sécherheetsmataarbechter huet si allerdéngs dobäi gestéiert. Op der Plaz konnt d'Fra vun de Beamte gepëtzt ginn an déi geklaute Wuere sinn zeréck un de Buttek gaangen. Et gouf ee Protokoll erstallt.
Zu Dikrech gouf e Méindeg dann och nach aus engem Buttek op der Route d'Ettelbruck geklaut. Éischten Erkenntnisser no haten déi zwee Männer eng Rei Saache matgoe gelooss an hu sech dunn an de Bus a Richtung Ettelbréck gesat. De Bus konnt vun de Beamte gestoppt ginn. D'Ermëttlungen hunn erginn, datt ee vun de Männer tatsächlech ee vun de Verdächtege war. D'Wäertsaache konnten dem Buttek zeréckgi ginn an et gouf ee Protokoll erstallt.