
Um 7 Auer ass zu Rodange an der Route de Luxembourg e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn. Den Escher SAMU war am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Péiteng an eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.
Kuerz virun 8 Auer sinn zu Conter an der Rue de Luxembourg zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Da waren d'Pompjeeën nach zwee mol wéinst engem Brand geruff ginn, eemol op de Belair an der Avenue Gaston Diderich, wéinst engem Lagerfeier. Dann huet op der Place de la Gare an der Stad en Elektroauto gedämpt.