CGDISMataarbechter wéinst "extreem schwéiere Fall" vu Mobbing suspendéiert

Céline Eischen
Wéinst engem "extrem schwéiere Fall" vu Mobbing ass ee Mataarbechter vum CGDIS suspendéiert ginn. Dat geet aus engem interne Schreiwes ervir, wat RTL virläit.
Wéinst engem "extreem schwéiere Fall" vu Mobbing ass e CGDIS-Mataarbechter vum Déngscht suspendéiert ginn.
© Laurent Weber

Eng intern Enquête gouf ageleet a Mataarbechter, déi eng Ausso zu dëser oder anere Situatioune maache wëllen, sollen dat bei den "Délégués à l'égalité" maachen. An Tëschenzäit huet de CGDIS an engem Communiqué confirméiert, datt eng Enquête wéinst Mobbing den Ament amgaange wier.

De Fall beschäftegt dann och schonn d'Politik: En Dënschdeg huet déi gréng Deputéiert Josée Lorsché eng parlamentaresch Fro zu dëser Affär un den zoustännegen Inneminister Léon Gloden gestallt.

Liest hei d'Schreiwes vum CGDIS

Back to Top
CIM LOGO