Tanklager am Mäerter HafenTanklux krut Autorisatioun fir Ausbau, Gemeng Gréiwemaacher wëll Recours maachen

Mariette Zenners
Virleschte Méindeg, den 19. Oktober, kruten déi Responsabel vun der Maacher Gemeng eng Informatioun, iwwer déi se net begeeschtert waren.
Tanklager am Mäerter Hafen.
© Chris Meisch

Den Aarbechtsministère an Ëmweltverwaltung hu matgedeelt, dass Tanklux d'Autorisatioun fir supplementar Tanken am Mäerter Hafen opzebauen, krut. An der Autorisatioun sinn awer gewësse Konditioune festgehalen, un déi d'Firma sech muss halen. D'Maacher Gemeng well Recours géint des Decisioun maachen. Déi Leit, déi géint den Ausbau reklaméiert haten, ginn informéiert an d'Autorisatioun gëtt ausgehaangen.

D'Decisioun ass e Freideg Thema am Gemengerot vun der Muselgemeng.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO