Dat tëschent den Arrête "Gare centrale" a "Scillas". D'Statioune "Leschte Steiwer" a "Lycée Bouneweg" goufen net befuer. Wéi mir op Nofro vu Luxtram gewuer gi sinn, wier et am fréie Mëttwochmoien zu engem technesche Probleem um Catenaire beim Arrêt "Leschte Steiwer" komm. Unhand vu Meldungen, déi mir vu User kruten, misst de Probleem op d'mannst zanter 6 Auer moies opgetruede sinn.
RTL-Informatiounen no wier eng vun den Uewerleitungen an der Nuecht deplacéiert ginn, wat dozou gefouert hätt, datt d'Stroumversuergung ënnerbrach gouf. Luxtram war mat enger Ekipp op der Plaz fir den Problem ze reparéieren. Uganks goung dovunner Rieds, d'Zirkulatioun wier fir de Rescht vum Dag ënnerbrach. Am Virmëtteg dunn awer Entwarnung: De Probleem wier behuewen an den Tram géing op ganzer Streck nees normal zirkuléieren.