Parallellen zum Fall "Pelicot"Mann an England soll seng Fra vun anere Männer vergewaltege gelooss hunn

AFP, iwwersat vun RTL
Véier Männer musse sech aktuell zu Winchester am Süde vun England viru Geriicht veräntwerten.
De Connor Sanderson Doyle, ee vun de véier Ugeklote beim Verloosse vum Geriichtssall.
De Connor Sanderson Doyle, ee vun de véier Ugeklote beim Verloosse vum Geriichtssall.
© GLYN KIRK/AFP

Et ass e Fall, deen un dee vum Gisèle Pelicot erënnert. An England huet 50 Joer ale Philip Young sech schëlleg bekannt, seng Fra Joane Young wärend Joren gedéit a sexuell mëssbraucht ze hunn.

An der Suite vun dësem Geständnis musse sech elo am Süde vun England véier aner Männer viru Geriicht veräntwerten. Den 48 Joer alen Norman Macksoni, den 62 Joer ale Richard Wilkins, den 32 Joer ale Connor Sanderson-Doyle an den 38 Joer ale Mohammed Hassan sëtzen aktuell um Geriicht zu Winchester op der Uklobänk. Zwee vun hinne kréie Vergewaltegung reprochéiert, déi aner zwee musse sech wéinst sexueller Gewalt veräntwerten.

Wakereg ginn a friem Persoun am Schlofzëmmer bemierkt

D'Joane Young, déi op hiert Recht op Anonymitéit verzicht, huet e Mëttwoch am Prozess ausgesot. Am Kräizverhéier huet si sech un eng Nuecht am Februar 2023 erënnert. Si wier wakereg ginn an hätt gemierkt, dass si gefesselt gewiescht wier, an dass si d'Ae verbonne kritt hätt. Si hätt wouergeholl, dass zwou Persounen am Schlofzëmmer gewiescht wieren. Si géing dovun ausgoen, dass et sech bei enger dovun ëm hire Mann gehandelt hätt. "Eng dovun huet mech um Handgelenk ugehalen an déi aner hat orale Geschlechtsverkéier mat mir", sou d'Young.

Éier d'Young um Geriicht gehéiert ginn ass, goufen zwou Videoopname vun Aussoe gespillt, déi si 2024 an 2025 bei der Police gemaach huet. An dësen ass et och ëm d'Nuecht am Februar 2023 gaangen. Bei der Police sot si, dass si, nodeems si mat Frënn an engem Pub war, wakereg gi wier a gemierkt hätt, dass nieft hirem Mann nach eng zweet männlech Persoun an hirem Schlofzëmmer wier. Den nächste Moien hätt hire Mann da gesot, dass hie sech op Foren am Internet opgehalen hätt an do eng Persoun invitéiert gehat hätt, fir sech a senger Fra beim Sex nozekucken. Si wier dee Moment wierklech schockéiert a rose gewiescht, esou d'Mamm vun dräi Kanner an engem vun de Videoen. Dat wier eppes gewiescht, wat si ni wollt, an deem si ni zougestëmmt hätt.

An enger vun hiren Aussoe bei der Police sot d'Joanne Young och, dass hir sexuell Relatioune mat hirem Mann no engem Muster ofgelaf wieren. Déi zwee hätten dacks Sex gehat, nodeems si eppes drénke waren respektiv doheem eppes gedronk hunn. Meeschtens hätt si scho geschlof, wéi hire Mann ugefaangen hätt, mat hir Sex ze hunn. Si wier dobäi wakereg ginn an hätt sech komesch a gedéit gefillt.

Dräi vun den Ugeklote solle gefilmt gi sinn

Iwwerdeems goufen e Mëttwoch um Geriicht och dräi Videoe gewisen, an deenen ze gesinn ass, wéi dräi Männer sexuell Akten um Affer virhuelen. Bei de Männer soll et sech ëm dräi vun deene véier Ugekloten handelen. Déi dräi Videoe solle vum Philip Young gefilmt gi sinn. De Mohammed Hassan ass a kengem vun de Videoen ze gesinn. Dem Procureur no soll et sech bei him ëm déi zweet Persoun handelen, déi an der besoter Februar-Nuecht am Schlofzëmmer vum Affer war.

Wéi hire Mann verhaft gouf, hätt hien hir gesot, dass hien intiimt Bildmaterial vun hir online gesat huet, sou d'Joanne Young an engem weidere Videointerview bei der Police. "Hien huet mech ni gefrot, ob dat eppes wier, wat ech wéilt", sou d'Fra. Si wier sech zu kengem Ament bewosst gewiescht, dass esou Biller vun hir géinge gemaach ginn. "Ech war schockéiert, et huet sech ugefillt, wéi en Trëtt an de Mo...Ech denken, dass ech geschlof hunn, well wéini sollen déi Biller soss gemaach gi sinn."

Geriichtsprozesser an der Suite vum Fall "Pelicot"

Nodeems dee Dominique Pelicot am Dezember 2024 zu 20 Joer Prisong verurteelt gouf, well hie seng Fra Gisèle Pelicot an honnerte Fäll vergewaltegt huet respektiv si un anere Männer vergewaltege looss huet, wärend si vu sech war, ass d' ëffentlecht Bewosstsinn, fir dës Form vu sexueller Gewalt geklommen. A Groussbritannien ass et an der Suite zu enger Rei Geriichtsprozesser komm.

Back to Top
CIM LOGO