
Zum Virfall koum et kuerz virun 9 Auer moies an der Regioun Castilla-La Mancha eng 150 Kilometer südlech vu Madrid. D'AFP bericht vun op d'mannst 10 Doudeger, ma aner Medie schwätze antëscht scho vu wäit méi. Et ass och mat ville Blesséierten ze rechnen.
Eng Spriecherin vun der Regionalregierung huet confirméiert, datt op d'mannst 10 Mënschen ëm d'Liewe koumen. Dës Zuel kéint awer nach klammen. "D'Informatiounen, déi mir kréien, si guer net gutt. Et ginn op d'mannst 10 Doudeger an et ass méiglech, datt dës Zuel klamme wäert", esou d'Esther Padilla, Spriecherin fir d'Regierung vu Castilla-La Mancha dem lokale Medium CMM géigeniwwer.
Den Zuch soll tëscht Madrid an der Regioun Andalusien ënnerwee gewiescht sinn. All déi verfügbar Secouristen wieren op d'Plaz geschéckt ginn, esou ee Spriecher vun de Rettungsdéngschter. Helikopteren, d'Pompjeeën, a Ambulanzen wieren am Asaz.
Eréischt am Januar waren 46 Leit ëm d'Liewe komm, wou zwee Héichgeschwindegkeetszich am Süde vum Land matenee kollidéiert sinn.
Dësen Artikel gëtt lafend aktualiséiert.