
An engem hollänneschen Zoo ass eng Déierefleegerin vun engem Leopard ugegraff an ëmbruecht ginn. Dat mellt d'Noriichtenagence ANP en Dënschdeg, seet awer selwer, datt de Virfall schonn e Samschdeg passéiert wier. D'Fleegerin ass un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen.
Déi laangjäreg Mataarbechterin vum Safaripark Beekse Bergen huet sech zum Ament vum Tëschefall an der Indoor-Anlag vum Geheege ëm zwee männlech persesch Leoparde gekëmmert. Well et am Geheege awer keng Iwwerwaachungskamera gëtt, ass et schwiereg, de genaue Verlaf vum Tëschefall opzeklären.
Bei der Attack gouf d'Fra de Medien no schwéier um Kapp an Hals blesséiert. Trotz enger Noutoperatioun am Spidol ass si en Dënschdeg gestuerwen, esou de Park. D'Verantwortlech hu mat déiwer Trauer iwwer de Verloscht vun hirer Kolleegin reagéiert. "D'Déierefleegerin huet am Alter vu 17 Joer am Safaripark Beekse Bergen ugefaangen an huet hei, mat just kuerzen Ënnerbriechungen, 40 Joer laang geschafft", esou huet de Park an enger Deklaratioun matgedeelt. Eng onofhängeg Enquête soll elo klären, wéi et zum Virfall konnt kommen.
E Spriecher vum Park sot géintiwwer dem lokale Sender Omroep Brabant, datt d'Leoparde sech natierlech verhalen hunn. "Si sinn a bleiwe Raubdéieren."