Alarmant ChifferenNei Rekordwäerter bei Zäregasen

AFP, iwwersat vun RTL
Der Weltorganisatioun fir Meteorologie no steiert d'Äerd domat op eng ëmmer méi waarm Zukunft zou.

D'Zäregasen, déi zu engem groussen Deel fir de Klimawandel responsabel sinn, hunn d'lescht Joer nei Rekordwäerter erreecht. Dat huet d'Weltorganisatioun fir Meteorologie (OMM) vun de Vereenten Natiounen en Dënschdeg matgedeelt. Der Organisatioun no steiert d'Äerd domat op eng ëmmer méi waarm Zukunft zou.

Dem Joresbulletin vun der OMM no hunn d'Konzentratioune vu Kuelendioxid, Methan a Stéckstoffoxid an der Atmosphär d'lescht Joer nei Rekorder erreecht. Et sinn déi dräi wichtegst laanglieweg Zäregasen, déi mat mënschlechen Aktivitéiten zesummenhänken.

Back to Top
CIM LOGO