
Nodeems am niedersächseschen Neustadt am Rübenberge een Auto an eng Mënschegrupp gefuer ass, geet d'Police dovun aus, datt et keen Uschlag war. Et wier dovunner auszegoen, datt den oder d'Täter an d'Mënschen aus der Grupp sech kannt hunn, esou d'Police en Dënschdeg zu Hannover. Véier bis fënnef Persoune wiere liicht bis schwéier blesséiert ginn a wieren a Klinicke komm. Liewensgefor hätt net bestanen.
Der Police no ass den Auto, an deem eng bis elo nach onbekannt Zuel u Leit souz, um spéide Méindegowend geziilt an eng Mënschegrupp gefuer. Polizisten, déi deen Ament grad an der Géigend eng Kontroll gemaach hunn, hu wärend der Attack Schëss op den Auto ofginn, fir der Dot een Enn ze bereeden.
De Verdächtegen oder déi Verdächteg hätten doropshin den Auto verlooss, op der Plaz stoe gelooss a wieren onerkannt geflücht. D'Sich no dem oder den Täter ass en Dënschdeg de Moie weidergaangen. D'Police huet matgedeelt, am Laf vum Dënschdeg nei Informatiounen ze verëffentlechen.