
D'Ukrain a Russland sinn sech iwwert eng Wafferou eens ginn, allerdéngs just fir d'Stad Oleschky, direkt un der Front an der Ost-Ukrain. D'Stad ass zanter Méint vu béiden Arméie belagert.
Zanter 3 Auer um Dënschdeg gëllt eng humanitär Waffepaus, fir d'Populatioun mat Liewensmëttel a Medikamenter ze versuergen, oder dass d'Awunner a Sécherheet kënnen evakuéiert ginn. D'Feierpaus gouf vun der US-First-Lady Melania Trump vermëttelt.
Zeg-Dausende Minnen leie ronderëm d'Stad, dofir gi vu béide Säiten zum Deel Dronen agesat, fir Wueren an den Zentrum ze bréngen.
D'Ukrain hält sech dem Mënscherechtsbeoptraagten Dmytro Lubinez no un déi ofgemaachte Wafferou zu Oleschky. Souwuel Moskau wéi och Kiew haten zougesot, sech un d'Wafferou ze halen. Ob d'Kämpf tatsächlech ofgeholl hunn, konnt d'AFP bis ewell net confirméieren.
Oleschky an der Regioun Cherson ass zanter 2022 vu Russland besat a schwéier vun de Kämpf getraff. Vun den ursprénglech ronn 24.000 Awunner sollen nach tëscht 1.700 an 2.000 an der Stad liewen.
Gläichzäiteg huet de Kreml erkläert, datt Russland seng Attacken trotz geplangte Gespréicher mat der Ukrain an den USA weiderféiere wäert. Wärend zu Oleschky d'Wafferou a Kraaft getrueden ass, huet d'Ukrain gemellt, datt ballistesch Rakéiten a Richtung Kiew ofgeschoss gi sinn.