Netanjahu géint Eizenkot7,3 Millioune Leit sinn an Israel opgeruff, déi 120 Deputéiert an der Knesset nei ze bestëmmen

Joel Detaille
D'Wale gëllen als kruzialen Defi fir d'Zukunft vum Land.
De fréieren Arméi-Chef Gadi Eizenkot.
© JACK GUEZ/AFP

An Israel sinn dësen Dënschdeg Parlamentswalen. 7,3 Millioune Leit sinn opgeruff, déi 120 Deputéiert an der Knesset nei ze bestëmmen.

Duerch eng déif gesellschaftlech Spaltung an der internationaler Isolatioun déi ëmmer méi grouss gëtt, gëllen déi Walen als kruzialen Defi fir d'Zukunft vum Land.

Et sinn och déi éischt Walen nom Hamas-Massaker vun Oktober 2023, an dem Gaza-Krich deen dono ugefaangen huet.

Am Zentrum vum Vott steet d'Fro, ob de Premier Benjamin Netanjahu et fäerdeg bréngt un der Muecht ze bleiwen.

Säi gréisste Konkurrent ass de fréieren Arméi-Chef Gadi Eizenkot, deen als vill méi moderat gëllt. Hie wëll déi staatlech Institutioune stäerken an ass géint eng geplangte Justizreform.

Decisiv wäert d'Resultat vun de méi klenge Parteie ginn, op déi se allen zwee ugewise sinn, fir um Enn eng Koalitioun beienee ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO