Grousst Feier am Héije VennEt dauert Joerzéngten, bis d’Natur sech erholl huet

Jeannot Ries
Gebrannt hunn Torf a Bëscher 7 Wochen, vum 15. August bis den 2. Oktober.
Grousst Feier am Héije Venn: Et dauert Joerzéngten, bis d’Natur sech erholl huet
Gebrannt hunn Torf a Bëscher 7 Wochen, vum 15. August bis den 2. Oktober.

Eng RTL-Ekipp war e Méindeg mam Fierschter vu Verviers, Yves Pieper an där 26 Kilometer Carré grousser Zon ënnerwee, an där Torf a Bëscher wärend 7 Woche gebrannt hunn. Iwwert de Weekend huet den éischten Hierschtstuerm gewisen, wéi fragiliséiert d’Bëscher op der Plaz sinn.

Wéi Fixspéin am Wand, si se an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gefall. Ausgewuesse Beem, deenen d'Feier am Torf iwwer Wochen d'Wuerzelen ewechgefriess huet. A lues a lues stierft e weider, de Bësch uewenaus am Héije Venn. Betraff sinn am ganze 34 Kilometer Carré, vun deenen et op 26 selwer gebrannt hat.

"Man sieht hier noch die Wurzelteller und diese Fichten standen auf einer dünnen Schicht von Torf. Die ist komplett weggebrannt. Und man sieht wie diese Wurzelteller jetzt so auf Stelzen fest sind." Sou de Fierschter vu Verviers Yves Pieper, deen ons mat op eng Parzell geholl huet, wou am Juli d'Beem gehae goufen. Kuerz virum grousse Brand. Hei gesäit een op spektakulär Aart a Weis, wei d'Feier sech an den Torf era gefriess huet.

Torf, deen iwwer Joerhonnerten entstanen ass, ass dëse Summer hei verbrannt.

Den Yves Pieper erkläert: "Das ist der verlängerte Stängel der sich nicht zersetzt. Weil es zu feucht ist, zu sauer, zu kalt. Und diese Nicht-Zersetzung bildet ganz langsam den Torf. Also Torfbildung ist ungefähr 1 Millimeter pro Jahr. Also wenn man eine 1 Meter dicke Torfschicht hat, dann hat man 1.000 Jahre Nicht-Zersetzung von diesem Torfmoos. ‘’

Dëse Summer huet d'Feier tëscht 400 a 600 Joer alen Torf zerstéiert. Dobäi gouf de System, wéi d'Waasser vum Plateau erof an den Dall vun der Weser leeft, déi 2021 fir dramatesch Iwwerschwemmunge gesuergt hat, beschiedegt.

"Mit zirka 40 Toten hier. All das Wasser soll ja hier verlangsamt werden. Hier im oberen Bereich des Waldes und des Naturschutzgebietes. Jetzt ist natürlich die Bodenbedeckung im Naturschutzgebiet weg. Und das ist sehr schlecht, weil das Wasser jetzt ungehindert abfließen kann und dann auch ungebremst ins Tal geht. ‘’sou de Fierschter.

Ee Beispill ënner aneren, wéi de ganzen Ökosystem a ronn 700 Meter Héicht aus dem Rudder gerappt gouf.

D’Routwëld an de Wollef sinn zeréck

Normalerweis gesäit een ëm dës Joreszäit d’Heed, déi blitt. Mat och der ganzer Pallett un Hierscht-Faarwen. Do wou dat grousst Feier war, schéisst zwar nees frëscht Grass aus. D'Diversitéit u Planzen, u klengen Déieren, huet awer extrem gelidden. D'Routwëld a mat him de Wollef, si sinn awer zeréck.

"Wir haben vier Rudel hier auf dem Hochplateau des Hohen Venns. Die Wölfe sind hier geblieben und die folgen auch den Pflanzenfressern. Man sieht also sehr oft Spuren von Rotwild und dahinter Spuren vom Wolf, der seiner Beute folgt. ‘’

Nees 70 Joer bis d’Natur sech erholl huet?

Ob den Yves Pieper a seng Ekippe waart nach e gutt Stéck Aarbecht. Bëschweeër musse gefléckt ginn. Heed muss nei geséint ginn. Nei Mëschbëscher musse geplanzt ginn.

"Wir hatten einen Riesen Brand 1911 und da waren die Konsequenzen in der Vegetation noch bis 1980 zu sehen. Also das kann bis zu 70 Jahre dauern, bis die Vegetation wieder so ist, wie sie ursprünglich mal war" sou d’Konklusioun vum Yves Pieper.

Zanter dem leschte Weekend, ass en Deel vun de Weeër um Plateau, nees op. Elo, wou an der Belsch Vakanz ass, kommen och nees d'Touristen zeréck. Awer nach laang net all d’Weeër um Plateau vum Héije Venn sinn nees op.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO