
D'Gebitt gëtt vun der RSF-Miliz kontrolléiert. Onkloer ass, wéi vill Miliz-Memberen ënnert den Doudege sinn. Aenzeien no géifen dës reegelméisseg um Marché present sinn.
Mëtt Oktober réischt ware bei enger Dronenattack op e Véimaart zu Nyala 30 Leit ëmbruecht ginn. D'RSF-Miliz hat déi sudaneesesch Arméi fir d'Attack responsabel gemaach.
An der sudaneesescher Haaptstad Khartum waren iwwerdeems Drone vun den RSF an e Kraaftwierk ageschloen, wouropshin d'Stroumversuergung a villen Deeler vun de Regioune Khartum an Al-Dschasira gestéiert war.
Zanter méi wéi dräi Joer kämpfen am Sudan d'Arméi vum Militärchef Abdel Fattah al-Burhan an d'RSF-Miliz vu sengem fréieren Adjoint Mohamed Hamdan Daglo géinteneen. Bis ewell sinn am Konflikt zéngdausende Leit ëmbruecht ginn, Millioune sinn op der Flucht. Béide Säite gi Krichsverbrieche reprochéiert, dorënner geziilt Attacken op Zivilisten.