
Se gëtt zanter laangem vu ville politesche Säite gefuerdert, elo gëtt se agefouert: déi individuell Besteierung. Lëtzebuerg wier eent vun deene leschte Länner an Europa, dat nach e sougenannte Splitting am Steiersystem huet. An dat wier net méi zäitgeméiss, fënnt d'CSV-Deputéiert a Rapportrice vun der Steierreform Diane Adehm.
Den aktuelle Steiersystem hätt Fraen, déi eng Zäit laang doheem bliwwe sinn, fir sech ëm d‘Kanner ze këmmeren, finanziell dacks decouragéiert, erëm schaffen ze goen. Gläichzäiteg gëtt dee System, fir déi, déi wëllen, awer nach bis zu 25 Joer bäibehalen. Et dierft de Leit nämlech kee Virdeel ewechgeholl ginn, op deem si eng Liewensdecisioun geholl hunn, esou d'Diane Adehm.
Allgemeng wier et héich Zäit ginn, datt de Steiersystem un d'Gesellschaft vun haut ugepasst gëtt. Am Joer 1967, wéi den aktuelle Steiersystem agefouert ginn ass, si manner wéi 1 Prozent vun de Bestietnisser gescheet ginn. Haut wieren et der 80 Mol méi, wéi d'Diane Adehm betount. "D'Steierrecht huet deemools déi gesellschaftlech a rechtlech Realitéit vun där Zäit erëmgespigelt. Mee, eis Gesellschaft huet sech zënter 1967 grondleeënd verännert."
Beim Debat an der Chamber e Mëttwoch ass si och op eng Rei Kriticken un där Reform agaangen. Notamment déi, datt Leit, déi aktuell an der Steierklass 1A sinn, bei der Reform manner géife profitéieren, wéi déi an der Steierklass 1. Dat wier wuel wouer, ma just well d‘Steierklass 1A an de leschte Jore scho considerabel entlaascht gi wier. Si huet och betount, datt et sech fir Frae misst lounen, schaffen ze goen.
Och d‘Kritik, datt de Staatsbudget duerch dës Reform ze staark belaascht géif, léisst d'CSV-Politikerin net gëllen. "Eng Steierreform, déi de Bierger dobaussen, déi d'Leit net finanziell entlaascht, dat ass keng Steierreform. Eng Steierreform muss de Bierger eng finanziell Entlaaschtung bréngen an däerf kee staatlech veruerdnete Fiskalklau sinn.“
Wärend och bal all d'Parteien d'accord si mam Prinzip vun der Individualiséierung, huet d'Oppositioun beim Debat net mat Kritik gespuert.
Vun allen Oppositiounsparteien ass Kritik um Käschtepunkt vun der Reform komm. Déi Gréng sinn iwwerzeegt, datt et an der aktueller wirtschaftlecher Situatioun net responsabel ass, esou eng deier Reform ëmzesetzen. Nieft der Baisse vun der Betribssteier klammen d'Käschte fir d'Steierreform, zesumme mat Mesurë wéi der Hausse vum Kannergeld, an den nächste Joren op ronn 1 Milliard Euro pro Joer. Dat féiert net nëmmen zu méi Scholden, mä och, wéi d'Deputéiert Sam Tanson ënnersträicht, zu méi Zënsen, déi mussen zeréckbezuelt ginn.
"Fir d'Joer 2030 sinn dat 934 Milliounen Euro Zënsen. Dëst Joer sinn et der nach 439. Dat ass méi, wéi mer d'nächst Joer an d'Bunn an an den Tram zesummen investéieren. An et ass ongeféier dat, wat dës ganz Steierreform kascht."
Änlech Téin koume vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
"Wann d'Ekonomie net méi esou wiisst, wéi se dat fréier mol gemaach huet, an dat mécht se säit Joren net méi, wann d'Recetten ëmmer méi vun engem Secteur ofhänken, bei eis d'Finanzplaz, wann d'Erausfuerderungen an hire jeeweilege Käschtepunkt, déi op eis duerkommen, ëmmer weider wuessen, da muss ee sech froen, ob et intelligent ass, fir an Zukunft bewosst op steierlech Ressourcen ze verzichten."
D'LSAP bedauert, datt dës Steierreform eng relativ breet Redistributioun mat sech bréngt. Datt kee verléiert, wier net néideg. An d'Steierbaisse wier och net cibléiert genuch, esou de Franz Fayot weider.
Vun der ADR koum virop Kritik dorun, datt de klassesche Modell vun der Famill, an där eng Persoun manner, respektiv guer net schafft, an Zukunft steierlech manner profitéiere wäert. Och en Ënnerscheed ze maachen tëscht Koppelen, déi virun 2028 bestuet goufen an deenen, déi sech duerno bestueden, stéiert den ADR-Deputéierte Fred Keup. Déi eng kënne vun der Iwwergangsperiod vu 25 Joer profitéieren, déi aner net.
"Déi zwou Koppele kënnen déi selwecht Kanner hunn, dat selwecht Akommes, déi selwecht Verflichtungen, mee net déi selwecht Besteierung. Ass eng Famill vun 2027 méi wäert wéi eng Famill vun 2028?"
Och de Piraten-Deputéierte Sven Clement stéiert sech un der Iwwergangssolutioun fir Leit aus der Steierklass 2. De Ministère hätt erkläert, datt ronn 53.000 Stéit aus der Steierklass 2 manner gutt géifen ewech kommen, wa si an déi nei Steierklass U géife wiesselen.
"Amplaz de Feeler ze verbesseren, mécht d'Regierung eng Plooschter drop. 25 Joer Iwwergangsperiod: Bis 2052 lafen also zwee Systemer niefteneen. Zwou Koppelen, selwecht Aarbecht, selwecht Akommes, aneren Datum vum Bestietnis a se ginn anescht besteiert."
Ma et gouf net nëmme kritiséiert. Gelueft gouf nämlech ausgerechent de Finanzminister Gilles Roth. An zwar fir seng Aart a Weis, d'Chamber an d'Ausschaffe vun dësem Gesetzesprojet mat anzebannen.
D'Steierreform ass mat enger Majoritéit vu 37 Stëmmen ugeholl ginn. Et goufen 11 Nee-Stëmmen an 12 Deputéiert hu sech enthalen.