
Engem Virfall war ee Sträit an der Rue Alexis Heck zu Dikrech virausgaangen. Géint 20:45 Auer war de Beamten d'Ausernanersetzung an engem Appartementshaus gemellt ginn. Éischten Erkenntnisser no hätt ee Mann an enger Wunneng Leit menacéiert an duerno am Gank ronderëmgebläert, wéi et vun der Police dozou heescht. Hien hätt ausserdeem mat enger Glasfläsch no engem Awunner geheit. De Mann huet sech vun engem Policebeamten aus dem Haus begleede gelooss, ma virun der Dier war et du mat der Rou eriwwer. Wéi et am Policebulletin heescht wier hien ëmmer méi onkooperativ ginn an hätt probéiert, d'Beamte mat enger Täsch ze schloen. D'Beamten hunn hie mat an de Passagearrest geholl, dat no enger medezinescher Kontroll.
Kuerz Zäit drop ass et op anerer Plaz - méi genee an der Rue Fort Wedell op der Gare - zu enger Kläpperei komm. Op der Plaz hunn d'Beamten ee Mann ugetraff, deen aggressiv op eng Fra an engem Auto ageriet huet. De Mann hat offensichtlech ze vill gedronk an ass och de Beamte géigeniwwer ëmmer nees handgräiflech ginn.
Och op der Gare gouf et da kuerz viru Mëtternuecht nach ee Virfall an engem Café an der Rue de Bonnevoie, wou een alkoholiséierte Mann randaléiert huet. Éischten Erkenntnisser no soll hie mat engem Messer arméiert gewiescht sinn. Op der Plaz hunn d'Beamten de Mann ugetraff a konnten d'Messer no enger Kierperduerchsichung sécherstellen. De Mann gouf immobiliséiert, nodeems hien ëmmer méi aggressiv gouf.
"Am Laf vun de weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt de Mann aner Gäscht e puermol beleidegt an och menacéiert hat", heescht et am Rapport vun der Police zu dem Fall. De Mann gouf de Beamten an de Secouriste géigeniwwer, déi antëscht och op d'Plaz geruff gi waren, ëmmer méi ausfalend, esou datt hie mat op de Policebüro an de Passagearrest geholl gouf.
E Mëttwoch de Moie gouf et dann nach ee Fall vun Alkohol hannert dem Steier op der Place de la Gare. D''Police konnt selwer ee Motorradschauffer observéieren, deen däitlech ze vill gedronk hat. Een Alkoholtest huet dat confirméiert. Doriwwer eraus gouf kloer, datt de Mann kee Fürerschäi fir säi Moto hat. Dee Fürerschäin, deen hien nach hat, gouf him dofir ofgeholl an d'Maschinn gouf saiséiert. De Fall gouf zu Protokoll geholl.