
An der Déifferdenger Bedruchsaffär verschäerft sech den Toun tëscht Oppositioun a Schäfferot. Et geet ëm ronn 400.000 Euro, déi d'Gemeng am Mee op e falsche Kont iwwerwisen hat, duerch eng Bedruchsmasch vun Kriminellen. D'Architektefirma, un déi d'Sue sollte goen, war gehackt ginn. Schlussendlech waren d'Suen op engem hollännesche Konto gelant.
Fir d'Laura Pregno vun déi Gréng geet et dobäi ëm e Vertrauensverloscht. D'Oppositioun wéilt konkret Äntwerten: Firwat gouf esou spéit kommunizéiert? Wéi goufen déi intern Kontrolle verstäerkt? A wat geschitt, wann d'Bank eng sougenannten No-Match-Notifikatioun schéckt, also en Hiweis, datt den Numm vum Beneficiaire an d'Kontosnummer net iwwereneestëmmen? Och d'Formatioun vum Personal, d'Investissementer an d'Cybersécherheet an d'Roll vun der Oppositioun bei der Informatiounspolitik vun der Gemeng goufen thematiséiert.
D'Fuerderung ass kloer: D'Oppositioun misst als vollwäertege Partner am Gemengerot ugesi ginn, sou d'Conseillère vun déi Gréng.
Am Gemengerot huet de Buergermeeschter zouginn, dass de Gemengerot méi fréi hätt missen informéiert ginn. Der Oppositioun geet dat awer net duer. Gläichzäiteg huet den Guy Altmeisch bedauert, datt keen aus der Oppositioun sech beim Receveur informéiert hätt. De Schäfferot hätt op déi Méiglechkeet higewisen.
Wat d'Preventioun ugeet, missten all Anomalie an all Zweiwel bei enger Operatioun iwwerpréift ginn, esou de Buergermeeschter. Nom Bedruch wier d'Kontroll vun de Bankverbindunge verstäerkt ginn. Hien huet och op eng nei Circulaire vum Inneministère a Formatioune vum SIGI a vum Syvicol verwisen.
Den DP-Conseiller Fränz Meisch fuerdert am Numm vun der Oppositioun aus déi Gréng, déi Lénk an der DP e kloert Bekenntnis zur Zesummenaarbecht. Soss géif déi ganz Oppositioun de Récktrëtt vum Schäfferot verlaangen. Hei wier versicht ginn, alles ënnert den Teppech ze kieren, dofir wier een véier Méint laang net informéiert ginn.
"Dat ass een Hummer", sou den Buergermeeschter. Den Guy Altmeisch huet sech enttäuscht gewisen an op de kollegialen Ëmgang vun de leschten dräi Joer verwisen. D'Gemeng wier hei Affer vu Kriminelle ginn an hätt direkt d'Banken an d'Police kontaktéiert. Prioritéit wier et gewiescht, d'Suen zeréckzekréien. Op eng Réckmeldung vun de Banken hätt een awer 30 Deeg misse waarden.