Déifställ zu Péiteng an ËlwenAuto aus Scheier an Handy no Gewaltmenacë geklaut

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police zwee verschidden Déifställ vun en Dënschdeg, eemol am Norden an eemol am Süde vum Land.
© Laurent Weber

Am Nomëtteg war en Déifstall vun engem Auto zu Ëlwen gemellt ginn. D'Gefier stoung op engem Privatterrain an der Rue de la Gare an enger Scheier. Eng Enquête gouf lancéiert.

D'Police mécht an deem Zesummenhang de Rappell, Autoen op Privatgrondstécker ëmmer zouzespären an de Schlëssel nimools am Gefier ze loossen. Wa méiglech, sollt den Auto an enger zouener Garage, respektiv enger sécherer a gutt beliichter Plaz ofgestallt ginn. Dieren, Fënsteren a Mall sollten ëmmer ganz zou an och eng Alarmanlag aktivéiert sinn.

Weider Tuyaue vun der Police, fir Äert Gefier ze schützen, fannt Dir hei.

E weideren Déifstall gouf et dann zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss. E Mann war hei aus engem Bus geklommen an um Wee fir Heem, wéi e vun dräi Jugendlechen ugeschwat gouf, déi hien ënnert der Menace vu Gewalt opgefuerdert hunn, hinne säin Handy ze ginn. Si hunn ëm den Handy aus der Jacketentäsch geholl a si geflücht. Eng Sich no den Täter hat bis ewell kee Succès.

Och fir sech virum Déifstall vun Handyen ze schützen, gëtt d'Police Tuyaue mat op de Wee.

Back to Top
CIM LOGO