Dat mat de Stëmme vun CSV, DP an déi Lénk. D‘ADR, déi gréng an d‘Piraten hu mat Nee gestëmmt. An d‘Sozialisten hu sech enthalen.
Mat dësem Vott ass de Wee fräi fir déi eenheetlech Steierklass vun 2028 un.
E Paradigmewiessel, deen de Staat all Joers knapps eng Milliard Euro kascht. All d‘Steierzueler solle finanziell dervu profitéieren. Trotzdeem wäerten déi breet Schëllere méi belaascht ginn. Ob dat esou ass respektiv wie wéi vill Sue spuert, erkläre mir am Video.