
D’Architektefirma, un déi d’Sue sollte goen, war gehackt ginn. Am Mee sinn d'Suen op een hollännesche Kont gaangen, ma eréischt Enn September wier een doriwwer informéiert ginn. Et wier versicht ginn, dat Ganzt ënnert den Teppech ze kieren, kritiséiert den DP-Conseiller François Meisch.
"Firwat hu se véier an en hallwe Mount gewaart, fir eis Informatioune weider ze ginn? Ee Mount, hate mer nach verstan, wéinst der Enquête judiciaire oder wéi och ëmmer, mee véier an en hallwe Mount, si hu warscheinlech eeben drop gewaart, datt se d'Sue géifen erëm kréien an dann hätte se warscheinlech kengem Mënsch dovun eppes gesot. Dovu gi mer aus. Et gesäit op jidder Fall ganz, ganz, ganz staark duerno aus."
Fir d'Oppositioun geet et virun allem ëm d’Kommunikatioun an ëm hir Roll am Gemengerot. Si hate schrëftlech Froe gestallt: Firwat gouf esou spéit kommunizéiert? Wéi goufen déi intern Kontrolle verstäerkt? A wat geschitt, wann d’Bank eng sougenannten No-match-Notifikatioun schéckt, also en Hiweis, datt den Numm vum Beneficiaire an d’Kontosnummer net iwwereneestëmmen? Och d’Formatioun vum Personal, d’Investissementer an d’Cybersécherheet an d’Roll vun der Oppositioun bei der Informatiounspolitik vun der Gemeng goufen thematiséiert.
Allerdéngs wieren d’Äntwerte vum Buergermeeschter net zefriddestellend gewiescht.
Fir d’Laura Pregno vun déi Gréng geet et dobäi ëm e Vertrauensverloscht.
"Jo, ech fannen, no där Fraude, no deem, wat mer zu Lëtzebuerg zu deene Frauden am Groussen an Allgemenge wëssen, ass d'Kommunikatioun vun deem Schäfferot ganz lückenhaft a feelerhaft. An ech gesinn net, wéi dat do lo déi Zesummenaarbecht am Gemengerot soll weidergoen."
D’Fuerderung ass kloer: D’Oppositioun misst als vollwäertege Partner am Gemengerot ugesi ginn, sou d'Conseillère vun déi Gréng.
Am Gemengerot huet de Buergermeeschter zouginn, dass de Gemengerot méi fréi hätt missen informéiert ginn. Mee et wier schonn “een Hummer”, dass dovun geschwat géing ginn, et hätt een eppes wéilte verstoppen.
“Vläicht hätt e kënne méi no beienee réckelen, dat ass ganz kloer. Mee dat wëll awer net soen, dass ech se an der Kommunikatioun iwwerginn oder dass ech si net valoriséieren als gewielte Vertrieder. [...] An do hunn ech gesot, jo, okay, mir hätten dat kéinte méi zäitno kommunizéieren, mee dat huet näischt, mat Respekt ze dinn. An da mer virzewerfen, ech hätt d'Saache wëlle verstoppen oder ënner den Teppech kéieren, also wann ech de Fait feststellen, ech gi bei d'Police, ech gi bei d'Affekoten, ech ruffen den Interieur un, fir et publique ze maachen, ma wéi ass, wou ass do d'Verstoppen?”
Den Guy Altmeisch huet sech enttäuscht gewisen an op de kollegialen Ëmgang vun de leschten dräi Joer verwisen. Gläichzäiteg huet hien bedauert, datt keen aus der Oppositioun sech beim Receveur informéiert hätt. De Schäfferot hätt op déi Méiglechkeet higewisen. Wat d'Preventioun ugeet, missten all Anomalien an all Zweiwel bei enger Operatioun iwwerpréift ginn, esou de Buergermeeschter. Nom Bedruch wier d’Kontroll vun de Bankverbindunge verstäerkt ginn. Hien huet och op eng nei Circulaire vum Inneministère a Formatioune punkto Cybersécherheet vum SIGI a vum Syvicol verwisen.
D’Gemeng wier hei Affer vu Kriminelle ginn an hätt direkt d’Banken an d’Police kontaktéiert. Prioritéit wier et gewiescht, d’Suen zeréckzekréien. Op eng Réckmeldung vun de Banken hätt een awer 30 Deeg misse waarden.
Wei et elo viru geet am Gemengerot, dierft sech spéitstens beim nächste Conseil weisen.