An Zäiten, wou et ronderëm eis ferm rumouert, wäert et drëms goen, zu Lëtzebuerg de soziale Fridden z'erhalen. An deem d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt gëtt an d'Betriber ënnerstëtzt ginn. Wéi erliewen Acteuren aus der Wirtschaft déi aktuell Situatioun mat héijen Energiepräisser an Inflatioun?
D'Transportfirma Arthur Welter, dat sinn 700 Mataarbechter. Oder och eng 400 Camionen, déi ronn 12 Millioune Liter Diesel d'Joer verbrauchen. D'Geschäft leeft den Ament gutt. Trotz der Kris. An et kléngt op en éischten Ament Iwwerraschend: Et sinn net déi héich Spritkäschten, déi am meeschte Suerge maachen. Well d'Präisschwankungen um Sprit, vu vir era mam Client ausgehandelt sinn.
‘’Wann den Diesel op der Seil méi deier oder méi bëlleg gëtt, da kënnt dat och op eis Transportpräisser drop. Dofir ass dat fir eis am Fong geholl keng wierklech Belaaschtung.‘’ sou de Ben Frin, Finanzdirekter bei der Transportfirma Arthur Welter
D'Spritkäschte ginn also direkt weider op d'Rechnung vum Client, deen dat nees sengem Client weider verrechent, bis bei den Endkonsument. Mat engem direkten Impakt op d'Inflatioun an deemno hei am Land op den Index.
Stéchwuert Personalkäschten, déi bei der Transportfirma iwwer 40% vun de Gesamtkäschten ausmaachen. A wou anescht wéi beim Sprit, Indextranchen oder Mindestloun-Erhéijungen nëmme schwéier ze verkraafte wieren.
‘’Wa mir eis Transporttariffer am Prinzip eemol am Joer verhandelen a wann da kuerz duerno Indextranchë kommen, da musse mer erëm am Prinzip eng ganz Rei Méint waarden, bis mer déi Saachen och mat eise Clientë kënnen noverhandelen. An d'Clientë sinn am Fong geholl a wirtschaftlech méi schwieregen Zäiten och tendenziell manner bereet, fir méi héich Transporttariffer ze negociéieren.‘’ sou de Ben Frin.
Jiddweree spiert a sengem Portmonnie wéi villes méi deier gëtt. Wéi d'Kafkraaft ofhëlt. Dofir eben d'Tripartite. Wou Regierung, Patronat a Gewerkschaften ëm de groussen Dësch sëtzen, fir Leit a Betriber z'ënnerstëtzen. D'Signaler aus der Wirtschaft si kloer. Grad kleng a mëttel Betriber géife leiden, sou d’Alexa Ballmann, Vizepresidentin vun der Handwierker Federatioun a Patronne.
‘’35 Prozent vun den Handwierksbetriber haten 2024 scho kee Benefice méi, an ech mengen, dat ass awer eng staark Zuel."
D'Alexa Ballmann steet selwer un der Spëtzt vun zwee Schéinheets-Instituter. U sech Luxus, op deen de Client verzichte kann, respektiv, wou et einfach ass, méi Zäit tëscht de Rendez-vousen ze loossen, wann d'Kafkraaft ofhëlt. Iwwerdeems d'Käschten och an dësem Fall virop d'Lounkäschten erop ginn.
‘’Et muss ee bedenken, dass all Kéier, wann eng Indextranche ass, wéi ech virdrun erkläert hunn, mir jo déi Käschten net méi kënnen op eis huelen. Forcement déi Indexkäschten, déi ginn ëmmer erëm weidergedroen op d'Präisser, well d'Lounkäschten an d'Luucht ginn, well de Loyer an d'Luucht geet, well wéi ech gesot hunn, d'Prestatairen an d'Luucht ginn: Automatesch verrechent een dann déi Indextranche erëm eng Kéier an d'Präisser. An dann, wann een déi natierlech ëmmer erëm ofgëtt, dann ass dat eng Spiral no uewen. D'Präisser ginn erëm eng Kéier an d'Luucht, da kënnt erëm eng Kéier en Index an da geet déi ganz Saach erëm vu vir un. A fir eis ass et och iergendwann eng Kéier net méi flott, fir um Client ze stoen an ëmmer déi Präishausse do mussen ze verkafen. Dat mécht dann iergendwann eng Kéier och selwer kee Spaass méi. Well et ass jo net, dass mer déi Präishaussen do annoncéieren, fir ëmmer méi wéilten ze verdéngen, mee einfach just nach, fir eis iwwer Waasser ze halen.‘’ sou d’Vizepresidentin vun der Handwierker-Federatioun.
D'Betriber hei zu Lëtzebuerg missten nees méi produktiv ginn, sou d'Alexa Ballmann. Méi Congésdeeg, héich Zuelen u Krankmeldungen, Aarbechtszäiten an deemno och Ouvertureszäiten, déi net flexibel genuch sinn, Produktivitéit a Rentabilitéit géifen zesummen hänken. Reforme wieren néideg. Fir méi Flexibilitéit. Dat géif iwwer Aussoen erausgoen, datt den Index a Stee gemeesselt ass respektiv méi wäit goe wéi kuerzsiichteg Plooschteren.