Preparatioun op eng KrisNofro no Noutfall-Produiten ass zanter der Publikatioun vum 72-Stonne-Guide geklommen

Ryck Thill
De Guide vun der Regierung, mat deem sech d'Leit op eng méiglech Kris preparéiere sollen, schéngt Wierkung ze weisen. A Supermarchéen an an Outdoor-Geschäfter ass d'Nofro no bestëmmte Produiten an d'Luucht gaangen. E Sécherheetsexpert réit, och fir sech op eng méiglech Evakuatioun virzebereeden.
Preparatioun op eng Kris
Nofro no Noutfall-Produiten ass zanter der Publikatioun vum 72-Stonne-Guide geklommen.

Zanter d'Regierung den 9. Oktober hiren neie Guide fir de Krisefall presentéiert huet, ginn a verschiddene Geschäfter zu Lëtzebuerg méi Noutfall-Produite kaf. D'Nofro no Waasser, Nuddelen, Räis a Miel ass an de Supermarchéen an den Deeg no der Publikatioun vum Guide an d'Luucht gaangen, confirméiert den Michael Vanden Herrewegen, Gerant vum Walfer Delhaize.

Och an de Camping- an Outdoor-Butteker huet sech d'Publikatioun vum Guide bemierkbar gemaach. Besonnesch kleng Gaskocher an Noutradioe mat enger Kuerbel goufe vill kaf, erkläert d'Verkeeferin vum A.S. Adventure Diane Nicolas. Virun allem d'Radioe wiere staark gefrot. Nei Liwwerunge wieren dacks bannent e puer Deeg ausverkaaft. Och Schlofsäck géifen e bësse méi dacks kaf ginn, wéi virdrun.

D'Regierung recommandéiert de Leit, genuch Reserven an Equipement doheem ze hunn, fir am Fall vun enger Kris op d'mannst 72 Stonnen ouni Hëllef vu baussen eens ze ginn. De Guide, deen no senger Presentatioun un all d'Stéit verdeelt gouf, enthält dofir eng Lëscht mat Produiten, déi een am beschten doheem sollt hunn.

Nieft de Reserve fir doheem sollt een awer och op eng méiglech Evakuatioun preparéiert sinn. Dat réit de Sécherheetsexpert Stéphane Kowalik vun SK Consult. Hie recommandéiert, e sougenannte Grab Bag prett ze hunn, also e Rucksak mat de wichtegste Saachen, deen een am Noutfall direkt mathuele kann.

Ideal wier e Rucksak mat enger Kapazitéit vun 30 bis 40 Liter, deen een nach gutt droe kann. Doranner gehéieren dem Expert no ënner anerem eng Drénkfläsch aus Inox, Éischt-Hëllef-Material, Batterien, wichteg Medikamenter an eppes, fir Waasser opzebereeden. Wat soss nach dra kënnt, hänkt vun de perséinleche Besoinen of.

De Stéphane Kowalik ënnersträicht awer och, datt et net duergeet, sech einfach mat Noutfall-Equipement anzedecken. Et misst een och wëssen, wéi een domat ëmgeet. E Camping-Kocher oder aner Ausrüstung sollt een dowéinst am beschte schonn eng Kéier ausprobéiert hunn. An enger tatsächlecher Krisesituatioun kéint et soss schwéier ginn, sech ënner Stress nach mat der Funktiounsweis vum Material vertraut ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO