CGDISSechs Blesséierter gouf et um Donneschdeg am Nomëtteg op de Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Um 14:30 Auer sinn zwee Autoen op der Autobunn A7 tëschent dem Waldhaff an dem Gréngewald anenee geknuppt.
© Laurent Weber / RTL

Zwou Persoune goufe verwonnt.

Zwee Blesséierter gouf et och eng knapp Stonn méi spéit bei eng Kollisioun tëschent zwee Autoe vun der Houschter Déckt a Richtung Schinker.

Géint 15:40 Auer gouf eng Persoun zu Déifferdeng an der Avenue d'Oberkorn vun engem Auto ugestouss a blesséiert an um 16:30 Auer gouf ee Cyclist op der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier vun engem Auto ugestouss an och dobäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO