Datum confirméiertDe 6. November ginn d'Masten zu Beidler gesprengt

Luc Marteling
Ëm 15 Auer solle se falen, RTL streamt vun der Plaz.
Hir Deeg si gezielt: Déi 3 Antenne vu Beidler ginn Ufank November gesprengt.
Hir Deeg si gezielt: Déi 3 Antenne vu Beidler ginn Ufank November gesprengt.
© Domingos Oliveira

Et ass en Datum, op deen net just d'Leit aus der Gemeng Jonglënster gewaart hunn, mee dee schonn op iwwerregionalen Interessi stéisst: D'Sendemasten zu Beidler (Beidweiler) an zu Lënster gi jo gesprengt, dat ass scho méi laang gewosst, just den Zäitpunkt war nach net kloer – bis elo.

Op d'mannst fir déi 3 Tierm zu Beidler besteet nämlech elo Gewëssheet: E Freideg, de 6. November ëm 15 Auer gi se gesprengt. Dann zünt d'Firma Liesegang vun Hürth (D) d'Sprengsätz, déi néideg Preparatiounen dofir sinn en cours.

Am Livestream

Dir wëllt de Moment vun der Sprengung materliewen, sidd an der Allerhellegewoch awer am Ausland? Kee Problem! RTL hält alles a Bild an Toun fest a streamt och en direct.

Déi 3 Masten zu Beidler gehéieren dem Broadcasting Center Europe (BCE), enger Duechtergesellschaft vun RTL Group. Vun 1972 bis den 2. Januar 2023 (1 Auer nuets) hu si Laangwelle mam franséischsproochege Radiosprogramm vun RTL Richtung Frankräich geschéckt.

A Jonglënster?

De Sender besteet aus dräi identesche Masten, déi 290 m héich sinn a vun Ofspanseeler gehale ginn. Am Géigesaz zu den Antenne vu Jonglënster, déi ënne méi breet ginn, bleiwen déi vu Beidler net vum selwe stoen, mee musse vu Seeler gehalen, respektiv gestäipt ginn.

À propos Jonglënster: Wéini déi "Stolgittermaste" gesprengt ginn, steet nach net fest. Si sinn 215 Meter héich. Wéi se gebaut goufen, 1954 bis 1955 an 1959 deen drëtten, ware se 250 Meter héich, goufen awer 1983 op déi haiteg Héicht vun 215 Meter gekierzt. Zanter Laangem ware si d'Reserv fir Beidler.

Back to Top
CIM LOGO