Tripartite-SuiviWéi geet et weider punkto Energiehëllefen?

RTL Lëtzebuerg
A wéi enger Form geet et mat den Energiehëllefe konkreet weider? Zu Senneng maache Vertrieder vu Regierung, Patronat a Sozialpartner en Donneschdeg de Suivi.

Op iergendeng Aart a Weis wäerten d'Energiehëllefen iwwer d'Enn vum Joer eraus verlängert ginn, dat sot de Premier Luc Frieden lescht Woch, nodeem hien un der Suivi-Reunioun vun der Tripartite deelgeholl huet. D'Fro, déi awer aktuell am Raum steet, ass eng ganz einfach: A wéi enger Form geet et da mat den Hëllefe weider a wéi wäerten déi ausgesinn?

Genee fir dat ze klären, kommen en Donneschdeg de Moien d'Sozialpartner, also d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaftvertrieder, zu Senneng beieneen.

An der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" sot de President vun der CGFP, datt d'Beamtegewerkschaft zum Entschloss komm wier, datt et am beschte wier, datt een déi aktuell Mesuren emol fir dräi Méint verlängere soll. De Romain Wolff gëtt awer parallel dozou och zou, datt den Tank-Rabatt net déi ideal Léisung wier.

D'Gewerkschaftsfront OGBL a LCGB hate jo e Steierkredit op d'Mobilitéit, déi un d'Kilometerpauschal gebonne wier, proposéiert.

Am Virfeld vun de Gespréicher en Donneschdeg de Moien, hate mir bei den eenzele Vertrieder vu Regierung, Patronat a Gewerkschaften zu hiren Erwaardunge vun der Reunioun befrot:

Tripartite-Suivi zu den Energiehëllefen
A wéi enger Form geet et da mat den Hëllefe weider a wéi wäerten déi ausgesinn? D'Vertrieder vu Regierung, Patronat a Sozialpartner iwwer hir Erwaardunge vun de Gespréicher.

Den Tank-Rabatt gesäit dann och d'OGBL-Presidentin Nora Back kritesch: "Dat ass sécherlech déi Mesure, déi fir eis déi schwéierst ass. Ech mengen, dat hu mer och scho gesot, do verloosse mer wierklech Klimaziler an en plus bréngt se an der Moyenne fënnef Euro de Mount fir een, dee 60 Kilometer fiert den Dag. Dat ass wierklech net vill, dofir ass dat déi komplizéiertst Mesure. A si ass effektiv net sozial cibléiert."

Den LCGB-President Patrick Dury wënscht sech eng gewësse Previsibilitéit, och wann d'Situatioun vu Facteuren och baussent dem Land ofhänkt: "Et ass jo esou, dass een hei an enger Situatioun ass, op där enger Säit, déi jo net nëmmen hei vum Land ofhänkt, et ass Geopolitik am Spill an dat ass jo ganz volatil. Op där anerer Säit hätte mer gären alleguer eng gewësse Previsibilitéit, net nëmme fir d'Regierung an d'Gewerkschaften, mee fir d'Leit dobaussen, d'Leit, déi concernéiert sinn an u sech heiansdo ass dat d'Quadratur du Cercle."

Den UEL-President Marc Lauer gëtt ze bedenken, datt net all Probleem un engem Dag wäert geléist ginn. Trotzdeem géing dréngenden Handlungsbedarf am Volet Energie bestoen: "Ech mengen, mir wëssen alleguer, datt mer eng Inflatioun hunn, déi ass amgaang fortzelafen. Dat ass net gutt fir de Pouvoir d'achat. Dat ass net gutt fir d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen. Dofir menge mer, datt mer esou schnell wéi méiglech haut mussen op deem Volet Energie eppes maachen. Well ech mengen, an deem Fall hëllefe mer souwuel de Leit, déi dann déi Méikäschten net mussen eent zu eent droen, an och den Entreprisen. An zum Schluss ass et och eng Fro vun eis Entreprisë kompetitiv halen."

Och fir de Premier Luc Frieden ass kloer, datt de Fokus op den Energiehëllefe leie muss, fir "d'Präisentwécklung ze bremsen an de Leiden an de Betriber ze hëllefen". Dobäi misst een awer och déi geopolitesch Facteuren am Bléck halen, nämlech,"datt d'Energiekris méi laang ass wéi mer dat geduecht hunn. Well d'Strooss vun Hormus nach ëmmer zou ass."

An de Finanzminister Gilles Roth gesäit d'Prioritéit am Bremse vun der Inflatioun, och wann dat en Impakt op de Staatsbudget huet: "A fir d'Inflatioun dauerhaft ze bremsen, fir dass mer net méi wéi eng Indextranche pro Joer hunn, muss een och kucken, wéi laang dass déi Moossnamen da musse gräifen. An ech mengen, dat huet Virrang".

Back to Top
CIM LOGO