Och vill Jonker betraffUm Weltdag vum Hiereschlag gëtt Preventioun groussgeschriwwen

Dany Rasqué
Fir déi Betraffe kann en Hiereschlag dramatesch an esouguer déidlech Konsequenzen hunn. Ma e kënnt dacks onerwaart.
Ëmmer méi Jonker si vun engem Hiereschlag betraff.
© Envato (chormail)

En Hiereschlag maache just eeler Leit? Falsch! Ëmmer méi Jonker maachen en Accident vasculaire cérébral oder kuerz AVC. D'Associatioun Blëtz wëll ronderëm de Weltdag vum Hiereschlag en Donneschdeg op dës Entwécklung opmierksam maachen an ënnersträicht anengems, datt virop d'Preventioun extrem wichteg ass.

Um Weltdag vum Hiereschlag gëtt Preventioun groussgeschriwwen / Dany Rasqué

En Hiereschlag deet am Virfeld net wéi a kënnt dacks onerwaart. Fir déi Betraffe kann en dramatesch a souguer déidlech Konsequenzen hunn. Zu de Risikofacteuren gehéieren héije Bluttdrock, Diabetes a Fëmmen. D'Associatioun Blëtz ass dofir nees an de Spideeler ënnerwee, fir opzeklären an d'Leit ze sensibiliséieren. D'Chantal Keller, d'Presidentin vu Blëtz erkläert:

"Preventioun, Preventioun, an nach eng Kéier Preventioun, ass dat Allerwichtegst. Duerfir si mer an de Spideeler. A wat mer all Joers maachen, dat ass opklären, wat ass en Hiereschlag, wéi kann ech en Hiereschlag vermeiden? Do ass den Haaptproblem, ass den héije Bluttdrock an da moossen, wärend deem mer mer hei sinn, gëtt de Bluttdrock gemooss an da maache mer och ëmmer en Doppeler vun den Oderen."

Net vu Muttwëll. Zu Esch goufen der 25 gemaach a bei 4 Leit si Problemer festgestallt ginn. Si selwer wossten net, datt eppes net an der Rei wier. Wann d'Problemer virum AVC erkannt ginn, kann een awer gehollef kréien, erkläert nen Neurolog Adrien Verstraete:

"On a fait une échographie Doppler des vaisseaux du cou, donc des deux carotides et des artères vertébrales. Ce qu’on regarde, c’est vraiment à l’intérieur des artères pour voir s’il y a un rétrécissement, ce qu’on appelle une sténose."

Wien elo geduecht hat, en Hiereschlag wier eppes fir eeler Leit, deen iert sech. Et fält op, datt ëmmer méi Jonker betraff sinn:

"Do gi Recherchë gemaach, wat ass d'Ursaach? Wat zielt, dat ass och d'Ëmwelt. D'Ëmwelt huet och en Afloss, op d'Méiglechkeet en Hiereschlag ze kréien. A wann ee bedenkt, wa mer Fësch iessen, jo, wat ass nach alles en plus am Waasser, dat ësst een alles mat. Also d'Ëmwelt ass schonn e grousse Risikofacteur."

Et soll een also natierlech op seng Ernierung oppassen, sech beweegen an och reegelméisseg de Bluttdrock, de Cholesterol an den Zocker kontrolléiere loossen.

Back to Top
CIM LOGO